Search

You may also like

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 12. bis den 18. Juli 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 12. bis den 18. Juli 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Wéi den Däitschen Inneminister probéiert d’Séinoutrettung ze verhënneren
Neiegkeeten

Wéi den Däitschen Inneminister probéiert d’Séinoutrettung ze verhënneren

Dräi Bréiwer aus dem Inneministère an dem Verkéiersministère beleeën, wéi

Warndag 2020 – Mam NINA zu Berlin
Neiegkeeten

Warndag 2020 – Mam NINA zu Berlin

„Wir Warnen Deutschland“ – Ënnert dësem Motto si gëschter an allen

Covid19 a Mobbing: Wann et aus dem Rudder leeft…

Covid19 a Mobbing: Wann et aus dem Rudder leeft…

Zanter iwwer zéng Joer setzt sech „Mobbing Asbl“ géint d‘Belästegung vun de Salariéeën an de Betriber an. A wa scho virun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, d‘Asbl „gutt beschäftegt“ war, esou kann ee festhalen, datt de Virus de schlechte Beholl net befall huet.

Mobbing Asbl stellt fest, datt Mënschen, déi als „vulnerabel“ oder „Persoun mat erhéichtem Risk“ ze consideréiere sinn, op hirer Aarbechtsplaz deels belästegt bis däitlech attackéiert ginn. Et wier, esou d‘Directrice Magdalena Mida, eng nei Variant vum Mobbing, déi sech zanter der „Reprise“ a ville Betriber breet gemaach hätt. Mee d‘Belästegunge riichten se sech och géint aner „Kollegen“.

Esou stellt een unhand de Reklamatiounen déi der Asbl zougedroe gi fest, datt et Entreprisen huet, an deene Maskeflicht an Ofstand net agehale ginn. Wien dat géif reklaméieren, geet vu Kolleegen a Virgesate lächerlech gemaach. Wou a wéi oft dat de Fall ass, ass leider net gewosst, woubäi all Fall een ze vill ass. Et erschléisst sech och net, op d‘Gewerkschaften änlech Mobbing-Meldunge kruten.

Als weider Source fir d‘Belästegung op der Schaff, esou Mobbing Asbl, gëtt de Congé aus familiäre Grënn an/oder d‘Kuerzaarbecht genannt. Wien de „Congé“ an Usproch geholl huet, wier vun engem Ament op deen aneren, mat aarbechtsrechtleche Problemer konfrontéiert ginn. Et ass zudeem kloer, datt wa Patronen d‘Kuerzaarbecht ganz oppen als „bezuelte Congé“ verklären, dat keng Hëllef ass.

Um Aarbechtsministère, wou een zanter geraumer Zäit un engem anti-Mobbing-Gesetz doktert, dat de Minister Dan Kersch (LSAP) nach dëst Joer der Chamber virleeë wëll, hëlt een déi vun der Asbl gemaachte Virwërf eescht. Déi fir d‘Gesetz zoustänneg Aarbechtsgrupp wier trotzt Covid19 ganz gutt ënnerwee an et géif ee mam Gesetzesentworf an de Delaie leien, esou den Aarbechtsministère.

Wien Affer vu Mobbing op der Schaff ass, kann sech u Mobbing Asbl wennen. Hei ginn d‘Leit – si mussen allerdéngs een Aarbechtsvertrag hunn, d‘Form ass dobäi egal – op Rendez-vous individuell beroden. Eng Consultatioun dauert 60 Minutten, firwat et heescht gutt virbereet ze kommen (een detailléierte chronologesche Rapport vun de Fakten, Beweismëttel, asw.). Bedeelegung: 30 Euro.

Annex: Struktur vun engem chronologesche Rapport (ass op Däitsch)

Randnotiz: Mobbing Asbl behandelt keng Fäll déi ënnert d‘Aarbechtsrecht an/oder an de Beräich vun der Educatioun falen.

Illustratioun: © Alex Iby / unsplash

Related topics Aarbechtsministère, Belästegung, Covid19-Pandemie, Harcèlement, Mobbing, Mobbing Asbl
Next post Previous post