Search

You may also like

Helleng: Eng Expo vun den Ëmweeër
Neiegkeeten

Helleng: Eng Expo vun den Ëmweeër

Mat der Ausstellung UM-WEGE konnt de Weekend d’Kultur a senger

Vill Froe wéineg Äntwerten
Neiegkeeten

Vill Froe wéineg Äntwerten

Datt de Bistum – also eigentlech d‘Lafayettee SA – seng

money
Covid19-Vaccin… well de Mënsch en Egoist ass
Neiegkeeten

Covid19-Vaccin… well de Mënsch en Egoist ass

Am komplexen Zesummespill vu Politik a Wëssenschaft, geet et am

Mobbing ass un eise Schoulen keng Seelenheet – an d’Opfer wëssen sech oft net ze hëllefen!

Mobbing ass un eise Schoulen keng Seelenheet – an d’Opfer wëssen sech oft net ze hëllefen!

Fir vill Schüler ass et eng deeglech Realitéit: Si gi vun hire Matschüler schikanéiert, bis se zesumme briechen. De Phänomen, deen et scho mi laang gëtt, gëtt mëttlerweil “Mobbing” genannt. An och wann en net eenzeg an der Schoul ze fannen ass, esou ass en hei besonnesch destruktiv, wëssen sech d’Affer net ze hëllefen. Dowéinst mécht et Sënn, datt d’Innenministerin Francine Closener an den Educatiouns-Minister Claude Meisch sech dësem Problem unhuelen.

D’Folge vum Mobbing gi gären ënnerschat. Mee dëst Phänomen ass mat verantwortlech fir schlecht schoulesch Leeschtungen a stellt eng Gefor fir d’séilesch a kierperlech Gesondheet vun de Schüler duer.

Mat enger Campagne déi sech “Together Against Mobbing” nennt, wëllen déi zwee Ministèren dofir suergen, datt et eng Trendwend gëtt. Zu dësem Zweck goufe mat de Schüler vum Lycée Aline Mayrisch dräi Videoclippe produzéiert, déi d’Schüler sensibiliséiere sollen. Dat ass och néideg, si vum Mobbing 1 aus 6 Schüler betraff. Beim Cyber Mobbing sinn et der souguer 1 op 5. Zousätzlech gouf nach eng Informatiounsbroschür produzéiert. Doranner ass dann och festgehalen, wéi een sech als Opfer an esou engem Fall verhale sollt.

Mee et sinn net nëmmen d’Schüler, déi hei direkt ugeschwat ginn. Och d’Enseignanten sinn och gefrot. Dowéinst ginn déi esou ausgebilt, datt se net nëmmen esou Fäll erkenne kënnen, mee och wëssen, wéi domatter ëmzegoen. D’Schüler selwer ginn an d’Flicht geholl beim “Peer Mediation”, wou se klassenintern Konflikter léise sollen.

Niewent dëser Aktioun ginn et och déi sëllechen Informatiounen, déi BEE Secure eraus bréngt. Dobäi gëtt virun allem de Cybermobbing an d’Viséier geholl. Esou hu si praktesch Guiden, wéi een sech ze verhalen huet, wann een Opfer vun esou enger Attack gëtt.

Mam SIP

 

 

Next post Previous post