Search

You may also like

surprise
Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert
Neiegkeeten

Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert

Mat der Steierreform ännert sech net nëmme villes fir de

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown
Neiegkeeten

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown

Iwwert d‘Chrëschtdeeg konnten d‘Éisträicher et eppes méi labber ugoen an

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk
Neiegkeeten

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk

D’Fondation Servais huet dem Francis Kirps fir säi Buch „Die

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!

Eppes wat eis alleguerten ugeet ka mat Experten am CID Fraen a Gender den 28. November diskutéiert ginn

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!

Vill Mënsche waren a sinn och haut nach op der Aarbechtsplaz dem Mobbing oder sougenannte Mikroaggressiounen ausgesat. E gesamtgesellschaftleche Problem dee vill Facetten huet an nach ëmmer net wierklech unerkannt ass. Mobbing dierf keen Tabu-Thema sinn, d‘Affer mussen dann och Eescht geholl ginn.

Am Kontext vun der #orangeweek setzt sech den nächste feministeschen „Tea-for-Free“ mat dëse Forme vun der Gewalt ausenaner. Dat mat engem Beitrag vum Beatrice Senese an der Präsenz vun der Mobbing-Expertin a Juristin Martine Mirkes vun der Salariatskummer. Wann och dir iech fir dëse Sujet interesséiert oder vläicht betraff sidd, da kommt en Donneschdeg den 28. November an d‘Bibliothéik vum CID / Fraen a Gender, um 14 Beck-Strooss zu Lëtzebuerg. Ufank ass 17.30 Auer an géint 19 Auer sollt et fäerdeg sinn.

Eng Umeldung ass net noutwenneg, d‘Sprooch ass flexibel an all Geschlechter, Nationalitéiten an Altersgruppen si wëllkomm. Méi Informatiounen zum CID a sengen Aktivitéiten, fannt dir op hirer Internetsäit.

Foto: Coco Parisienne / Pixabay

Related topics Beatrice Senese, CID Fraen a Gender, CSL, Martine Mirkes, Mobbing
Next post Previous post