Search

You may also like

„Wat heescht hei Léift?“ um 11. November am Escher Theater
Neiegkeeten

„Wat heescht hei Léift?“ um 11. November am Escher Theater

„Wat heescht hei Léift?”, huet de Berliner Kanner- a Jugendtheater

Vereenten Natioune leeën neie Klimabericht vir
Neiegkeeten

Vereenten Natioune leeën neie Klimabericht vir

Et schéngt nach ëmmer net wierklech verstanen ze ginn, datt

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?
Neiegkeeten

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?

D’Administratioun vum Ponts et Chaussés deelt mat, datt kommend Woch

Déi mobil Equippen hunn a méi wéi 80 Strukture geimpft

Déi mobil Equippen hunn a méi wéi 80 Strukture geimpft

Am Kader vun der nationaler Impfcampagne spille mobil Equippen eng wichteg Roll am Kampf géint de Coronavirus. Si stelle sécher, datt Impfungen a besonneschen Ariichtunge kënne stattfannen. Domat sinn ënnert anerem Fleegeheemer, integréiert Zentre fir eeler Mënschen an Ariichtunge fir Mënsche mat Behënnerunge gemengt.

Des weideren (an ofhängeg vu Regierungsdecisiounen) kënne mobil Equippen zu all Zäit opgefuerdert ginn, an aner Strukturen anzegräifen. Dat war scho bei den zwee Strofzentren (CPG a CPL) de Fall. Zënter dem Ufank vun den Impfungen hunn dës mobil Equippe schonn a 87 Strukturen agegraff (22 Fleegeheemer, 30 CIPA, 28 ESI, 5 LE an 2 CP).

Méi wéi 6.000 Bewunner hunn hir éischt an zweet Injektioun kritt. An de folgende Woche kënnt d’Personal vun dëse Strukturen un den Tour. Zu dësem Zäitpunkt hunn déi mobil Equippe scho bal 10.000 Leit geimpft, dovunner kruten schonn 8.000 hier zweet Dosis.

D’Unzuel vun de mobillen Equippe gëtt nom Besoin un d’Impfbedierfnisser ugepasst. Alles hänkt vun der Impfstrategie, der Verfügbarkeet vun den Impfstoffer an de Missiounsufuerderungen of. Pro Dag sinn bis zu 4 Equippen ënnerwee. Hir Aufgab ass et, d’Struktur an där d’Impfunge geplangt sinn, mat organisatorescher sou wéi technescher Ënnerstëtzung ze versuergen. Dozou gehéiert nieft der Impfung selwer och d’Virbereedung an éischt Hëllef. Dobäi ass déi gréisst Erausfuerderung, all d’Strukturen sou séier wéi méiglech ze impfen.

Eng Koordinatiounsekipp, déi speziell fir d’Management vu mobillen Equippen zoustänneg ass, ass fir d’Erstellung an d’Virbereedung vun den Zäitpläng an de Missioune verantwortlech. Si sinn d’Verbindung tëscht de Strukturen.

Déi deeglech Organisatioun fënnt no engem standardiséierte Protokoll statt, deen un déi jeeweileg Bedierfnisser ugepasst gëtt. Et sinn nach verschidde Projeten an der Entwécklung.

Opmaacherbild: © Gesondheetsministère

Related topics Altersheem, Covid-19, Fleegeheem, Mënsche mat Behënnerung, National Impfstrategie, Santé, Strukturen
Next post Previous post