Search

You may also like

money
D‘Cargolux verdéift seng Relatioune mat chinesesche Banken
Neiegkeeten

D‘Cargolux verdéift seng Relatioune mat chinesesche Banken

Am Kader vun enger Wirtschaftsmissioun déi vum Minister Pierre Gramegna

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
Neiegkeeten

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

Wann een iergendwéi gläichzäiteg fir a géint Atomwaffen ass
Neiegkeeten

Wann een iergendwéi gläichzäiteg fir a géint Atomwaffen ass

Bei der UN-Versammlung um 7. Juli 2017 zu New York

Wou si mir dru mam Lobbyregëster?

Wou si mir dru mam Lobbyregëster?

Den 20. November hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) an de Chamber eng Propositioun virgeluecht, bei där et ëm d‘Modifikatioun vum Chambersreglement goung. Dat bezunn op d‘Kreatioun vun engem sougenannte Lobbyregëster. Eigentlech eppes wou een kéint dovunner ausgoen, datt gewëssen Acteuren sech beleidegt fillen dierften.

Elo heescht dann awer datt dëse geplangte Lobbyregëster net wäit genuch geet, wärend zäitgläich soll ee Konsens fonnt gi sinn, deen aus dem Lobbyregëster elo een Transparenzregëster mécht an däitlech méi wäit geet, wéi dat nach am Entworf vun der Piratepartei de Fall sollt gewiescht sinn. An de zoustänneger Chamberkommissioun jiddefalls, déi vum ADR-Deputéierte Roy Reding presidéiert gëtt, soll dat elo esou beschloss gi sinn.

Dësen erkläert, nodeems hie schonn Enn Mäerz op der Antenn vum Honnertkommasiwen notéiert huet, datt an Zukunft Parlamentarier mussen oppe leeën: mat wiem si schwätzen, sech treffen a vu wiem si sech „berode“ loossen. D‘Grënn si bekannt an de Virstouss lueflech. Et ass generell eppes onverständlech dat fir Héich Beamten, d‘Regierungsmemberen an d‘Volleksvertrieder an der Chamber ënnerschiddlech Obligatioune bestinn.

Wat sech ännere wäert

An Zukunft soll sech all Mënsch, Organisatioun, Institutioun, Beruffsverband, asw. wou sech mat engem gewielte Volleksvertrieder, engem Grupp vu Volleksvertrieder oder direkt mat enger ganzer Fraktioun trëfft, iert dëst Treffe stattfënnt, an ee sougenannten Transparenzregëster androen. Esou jiddefalls gesäit et de President vun der Reglementskommissioun, Roy Reding.

Hie geet domadder eppes méi wäit wéi dat sengerzäit vum Sven Clement an senger Modifikatioun gefuerdert war, an huet, wéi et sech an der Politik gehéiert, dofir zolidd iwwert de Mond gefuer kritt. An awer schéngt hie sech elo duerchgesat ze hunn, de Konsens jiddefalls gëllt als aktéiert. Natierelch gëtt et awer och an dësem Projet eng Rei „Ausnamen“, déi een net dierf ausloossen.

Well d‘Politik ëmmer méi vu Juriste beherrscht gëtt, ass verständlech, datt sech déi net androe mussen. Affekoten si jo och per se keng Lobbyisten a vertrieden – dat ass nu emol esou – generell ëmmer nëmmen d‘Interesse vun der Gesellschaft, de Mënschen an deem „grousse Ganzen“. Dat gëllt jo esou och fir EU-Deputéiert, Beruffskummeren, wéi och staatlech a kommunal Instanzen.

Et geet jo och prinzipiell emol dorëms, datt de Bierger soll kënnen an Erfarung bréngen, vu wiem sech de Legislateur beaflosse léisst. Dat erkläert och nees, firwat keng vun „eise“ Mesuren dem Verbond vun de Staate géint Korruptioun (GRECO) wäit genuch geet, oder gaangen ass, jee no Standpunkt versteet sech. Mee ganz esou einfach dierft dat mat der Kontroll elo och net sinn.

Dat mengt jiddefalls den Auteur vu Modifikatioun-Propos, Sven Clement, den dro hiweist, datt dëse Regëster muss „Oppe“ sinn. Jidderee soll sech dësen ukucken dierfen. Schonn déi aner Woch gëtt den Text an der Chamber beroden a gestëmmt. Ab dat schon duergeet, fir dem Bierger nees méi Vertrauen an d‘Politik ze ginn? D‘TNS-Ilres wäert dozou bestëmmt ee passende Sondage maachen.

Illustratioun: © K8 / unsplash

Related topics adr, Chamber, Krautmaart, Lobbyregëster, Piraten, Reglementskommissioun, Roy Reding, Sven Clement, Transparenzregëster
Next post Previous post