Search

You may also like

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère
Neiegkeeten Sport

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère

Um 20. Juni huet den Étienne Schneider, Vize-Premierminister a Gesondheetsminister,

François Bausch: Negativen Test – Quarantaine eriwwer
Neiegkeeten Sport

François Bausch: Negativen Test – Quarantaine eriwwer

Den Transportministère an de Verdeedegungsministère hunn e Samschdeg matgedeelt, datt

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?
Neiegkeeten Sport

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?

No enger Stammzellentransplantatioun konnte bei engem Patient zu London keng

Moien Mental! ass den neie Partner vum COSL!

Moien Mental! ass den neie Partner vum COSL!

Gëschter hunn de Simon Beot, Grënner vu Mental Media, den André Hoffmann, President vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL), an den Daniel Dax, Generalsekretär vum COSL, eng Partnerschaft fir déi nächst 4 Joer ënnerschriwwen. Méi genee wäert d’Kollaboratioun bis bei d’Olympesch Spiller 2024 zu Paräis daueren.

An dësem Kader huet sech de President vum olympesche Comité immens frou gewisen op Moien Mental! als neie Media-Partner zielen ze kënnen. D’Fërdere vum Sport a senge Lëtzebuerger Athleten bitt op nationalem an internationalem Niveau déi néideg Ënnerstëtzung, a geet anhir mat Spëtzeleeschtungen an Top-Resultater.

Fir Mental Media, déi 100 % fir de Sport ginn an déi viru kuerzem mat eiser Lëtzebuerger Noriichtesäit vu Moien.lu fusionéiert hunn, war et evident Asaz an Engagement ze weisen, erkläert de Simon Beot, COO vu Moien Mental.


All Mount setzt Mental Media mat senge Publikatiounen verschidde sportlech Beräicher an de Virdergrond. Zum engen komme reegelméisseg d’Printausgabe vu Mental!, Guidon!, Vroom! oder och Swing et Dribble! Eraus. Zum anere beliichten d’Artikelen op mental.lu an op moien.lu an digitaler Aart a Weis – op franséisch, respektiv op Lëtzebuergesch – d’Welt vum Sport.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Daniel Dax, COSL; Simon Beot, Moien Mental; André Hoffmann, COSL © COSL

Related topics Andrö Hoffmann, Athleten, COSL, Daniel Dax, Kollaboratioun, Moien Mental!, Olympesche Comité, Partnerschaft, Simon Beot, Sport
Next post Previous post