Search

You may also like

Covid19 leet Aarbechtsinspektioun flaach
Neiegkeeten

Covid19 leet Aarbechtsinspektioun flaach

Datt déi sanitär Kris och staatlech Verwaltungen net verschount, ass

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit
Neiegkeeten

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit

déi Lénk ënnerstëtzen d’Protestbeweegung an den USA an an Europa

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech
Neiegkeeten

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech

Am Kader vun de Preoccupatioune, déi am Bezuch op „Dublin-Transferte“

Kreativ muss ee sinn: Mond gesinn trotz Schutzmask?

Kreativ muss ee sinn: Mond gesinn trotz Schutzmask?

D’Schutzmasken, déi aktuell Mond an Nues vun all Persoun am ëffentleche Raum bedecke, féieren zu gemëschte Gefiller. Mat individuellen a kreativen Designs kann ee sech selwer richteg an Zeen setzen, an awer stéieren se beim Duerchootmen. D’Maske sollen d’Gesondheet schützen, maachen d’Kommunikatioun awer deelweis schwiereg, wëll een d’Beweegunge vum Mond net gesäit.

De Mond gesäit een net? Ma, do kann een dach mat Pinsel a Faarf nohëllefen! Wéi wier et also mat engem opgemoolte Mond? D’Make-Up-Artistin Jaime French weist an engem lëschtege Video, wéi een dës ongewéinlech Iddi an d’Realitéit ëmsetze kann.

Schutzmask

Jaime French / YouTube

Bei der sougenannter „Tiny Face Make-Up Challenge“ rëtscht d’Nues mat gekonnten Handgrëffer, an dem richtegen Asaz vu Schieter, Highlighter a Konturen ee Stéck no uewen, wärend de Mond direkt ënnendrënner opgemoolt gëtt.

Sollt Dir et aus Langweil Doheem selwer ausprobéieren, esou wäerten net nëmmen Äre Partner, d’Matbewunner oder d’Famill eppes ze laachen hunn. Doduerch, datt d’Mask awer de Mond AN d’Nues bedecke sollt, recommandéiere mir dës Iddi net fir den Alldag. Gutt Laun kritt een awer op alle Fall!

Related topics Jaime French, Kreativitéit, Lëschteg, Mond, Nues, Schmink, Schutzmask, Tiny Face Make-Up Challenge
Next post Previous post