Search

You may also like

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung
Neiegkeeten

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung

D’Problemer vun der psychescher Gesondheet si mëttlerweil esou aktuell, wéi

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela

No de rezenten Evenementer déi am Venezuela opkomm sinn, an

E Bréif aus England…
Neiegkeeten

E Bréif aus England…

En ass speziell, liicht extravagant an huet „senge Leit“ versprach

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech

Mëttlerweil gëtt et Mondschutzflicht an de Butteker an iwwerall wou den Ofstand vun zwee Meter net agehale ka ginn. De Freidegmëtten war ech akafen, elo weess ech, dass dat net fir jiddereen evident ass. D’Besuergnes war scho virdrun do, mäi schlecht Gefill huet mech net getäuscht.

Ech héiere schlecht. Ganz schlecht, sou ëm déi 30 Prozent op all Säit. Meng Ouerenapparater si futti, op der Krankekeess goufen neier ugefrot. Dat ass jo schéin a gutt, ma elo sëtzen ech hei. Ouni Kaméidi a Geschwätz. Ouni Kommunikatiounsmoyen.

Ewéi ech an der Apdikt war, huet d’Apdiktesch mir probéiert ze erklären, wéi e Medikament ageholl muss ginn. Duerch hire Mondschutz konnt ech hier net op d’Lëpse kucken, ech hat Krämpes matzekréien, datt si iwwerhaapt eppes gesot huet. Meng Baken hunn sech gliddeg ugefillt, ech war bestëmmt knätschrout am Gesiicht. De Schweess ass mir ausgaangen.

Mondschutz

© teksomolika / Freepik

Dono am Supermarché huet en eeleren Här mat mengem Mann geschwat,. Hien huet mech wahrscheinlech fir eng onhéiflech Gees gehalen, well ech ëm net geäntwert hunn. Ma wéi och. Ech konnt him mol net an d’A kucken. Geschummt hunn ech mech, mä mir ass eréischt doheem bewosst ginn, wat dat fir mech bedeit. Nach méi sozial Distanz.

Eleng heiheem am sécheren Krees vun der Famill “Wat gelift” ze soen, ass well eng Iwwerwannung, d’Angscht datt dës Behënnerung nervt ass andauernd present.

Gutt, ech muss zouginn, dass ech meng Apparater net ëmmer undinn, se stéiere mech dacks, den Toun héiert sech komesch un a meng Stëmm irritéiert mech. Mä dat ass meng Entscheedung gewiescht, elo vermëssen ech se. A wann ech erëm e Puer hunn – ech wäert se reegelméisseg undoen! Ech wëll mech net méi esou hëlleflos fillen. Matschwätzen, zesumme schwätzen ass wichteg …

Duerch dëst battert Erliefnis wäert ech mir e Wonsch erfëllen – ech si schonn zënter menger Kandheet faszinéiert vun der Gebäerdesprooch. An elo wëll ech se léieren. Wäit wäert ech domat net kommen, ma wien weess, villäicht fillen ech mech dann net esou verluer!

Opmaacherbild: © zesummegebastelt mat Fotoe vum Senivpetro / Freepik

Related topics Akafen, Covid-19, Gebäerdesprooch, Héieren, Hörapparat, Mondschutz, Problem, Schutzmask, schwéier héieren, Toun, Wat?
Next post Previous post