Search

You may also like

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!

Wien an déi spuenesch Stad Barcelona reest kënnt un dësem

Et fänkt un duer ze goen (Analys)
Neiegkeeten Stories

Et fänkt un duer ze goen (Analys)

Et ass wierklech eng ganz droleg Welt an där mir

Klimagesetz: Méi wéi Ambitiounen?
Neiegkeeten Stories

Klimagesetz: Méi wéi Ambitiounen?

Haut viru genee 5 Joer ass dat sougenannte „Paräisser Ofkommes“

Dem Monica säi „Fauxpas“

Wéi eng Konsequenze muss d‘DP aus de Mobbing-Virwërf géint d‘Monica Semedo zéien

Dem Monica säi „Fauxpas“

Als Politiker steet een ëmmer eppes méi „ënner Observatioun“ wéi den normale Bierger. Zudeem sollt een als „Vertrieder vum Vollek“ beméit si mam gudde Beispill virzegoen. Dat begräift mat an, datt een och seng Mataarbechter gutt behandelt a motivéiert, déi eege politesch Ziler ze erreechen.

Deene meeschte Geléngt et zumindest déi eege Leit ze respektéieren… Net esou am Fall vun der DP-Europadeputéiert Monica Semedo. D‘Hoffnungsträgerin vun den DP-Ambitiounen op EU-Niveau war déi lescht Woch vum EU-Parlament vun allen Aktivitéite suspendéiert ginn, well si hir Mataarbechter gemobbt soll hunn. Si huet déi verhaange Strof ugeholl a sech entschëllegt.

Et kann – esou zumindest d‘Meenung vun de „Femmes Socialistes“ – awer net domadder gedoe sinn, eng Rechtfäerdegung als Entschëllegung ze verpaken. Bannent der DP war et déi lescht eppes „roueg“ bezunn op d‘Kommunikatioun an dësem därege Fall. Laut dem DP-Generalsekretär, wollt een sech mat Rou a Beduecht mat de Virwërf ausenanersetzen an emol mat der Fra schwätzen.

Dat war leschten Dënschdeg esou nach net ersiichtlech. Do hat de Claude Lamberty nach dës däreg Affär als „Ofgeschloss“ bezeechent. Dat wëll d‘Monica Semedo déi vum EU-Parlamentspresident David Sassoli ausgeschwate „Strof“ ugeholl hat. Wann dräi Leit gläichzäiteg d‘Handduch geheien – an dat dem Monica riicht an d‘Gesiicht – da léisst sech net esou liicht ee Schlussstréch zéien.

D‘Zäit vun den Erkenntnisser

Wann de Beholl an der ganzer Lëtzebuerger Politik – bei der Oppositioun wéi de Koalitiounspartner – fir schlecht Laun gesuergt huet, esou dierft och zu Bréissel a Stroossbuerg, d‘Monica Semedo fir „Gespréich“ gesuergt hunn. Esou eppes huet diplomatesch Konsequenzen an et dierf een dovunner ausgoen, datt dem Premierminister Xavier Bettel (DP) d‘Affär uerdentlech ëm d‘Ouere geflunn ass.

Deen hat dann ee Freideg duerchblécke gelooss, datt een dëse Fauxpas net einfach ka passéiere loossen. Gëschter dann huet sech den Exekutivbüro vun der Demokratescher Partei, bestoend aus der Presidentin a Familljeministesch Corinne Cahen, dem Finanzminister Pierre Gramegna, dem Staatsminister Xavier Bettel, dem Educatiounsminister Claude Meisch, dem Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen, dem Mëttelstandsminister Lex Delles, dem Chamberpresident Fernand Etgen an dem Europadeputéierte Charles Goerens, zur Berodung versammelt.

Och d‘Monica Semedo war ageluede ginn, well et wollt een vun him wësse wéi dat konnt geschéien a wéi eng Ursaachen derzou gefouert hunn. Et ass natierlech net erausgedrongen, wat et gëschter als Erklärung ginn huet, mee et gouf sech jiddefalls derzou entscheet, dem Exekutivcomité – dat ass déi erweidert Assemblée vun der Partei – virzeschloen ee „Comité vun de Weisen“ anzesetzen, deen da muss iwwert d‘Parteizougehéieregkeet vun der Politikerin befannen. En zimmlech gliddegt Eisen.

En zweeschneidegt Messer

Datt d‘Monica Semedo den Ament net dierf am Exekutivbüro siegéieren ass kloer, mee wéi eng Sanktioune sinn bannent der Partei nach méiglech, wann et net sollt zum Parteiausschloss kommen? Et geet der DP jo wuel och drëms ze demonstréieren, datt si „Wäerter“ huet an déi vun alle Memberen ouni Ausnam musse gedroen an no bausse vertruede ginn. Mobbing jiddefalls gehéiert net zu de Wäerter déi een an der DP propagéiere wëll. An awer muss d‘DP bemooss virgoen…

Ugeholl, et kéim derzou datt sech déi Demokratesch Partei fir de Parteiausschloss entscheet, wéi eng Konsequenzen hätt dann esou eng Decisioun? Gëtt d‘Monica Semedo da säin EU-Mandat un d‘Partei zréck? Ëmmerhi muss ee wëssen, datt d‘Mandat eben net der Partei, mee dem gewielte Politiker gehéiert, an esou déi fréier Bertelsmann/RTL-Collaboratrice als onofhängeg Deputéiert weider hiert Onwiesen dreiwen dierft. Eng Decisioun déi keen dem Monica Semedo ofhuele kann.

Op där aner Säit dierf hei – an dat huet den DP-Generalsekretär Claude Lamberty richteg duer gestallt – net déi mënschlech Komponent aus den Ae verléieren. D‘Monica Semedo huet sech schlecht beholl, dorunner besteet keen zweiwel. Et kéint och ee strofrechtleche Volet hunn, wat duerchaus bei Mobbing sënnvoll ass. Déi mëttlerweil ëmstridde Politikerin awer an de sozialen Netzwierker „beleidegend a rassistesch“ unzegoen, ass ganz kloer dee falsche Wee an intolerabel.

D‘Fuerderung nom Récktrëtt ass a bleift awer berechtegt. Fir déi Demokratesch Partei wier et dat bescht, wann d‘Monica Semedo sech fir dës Optioun entscheede géif. Mee nach ass dat ganzt Politik, an déi hält wéi ee weess, ëmmer déi eng oder aner Iwwerraschung bereet…

Foto (Archiv): © European Parliament

Related topics Demokratesch Partei, DP, Europadeputéiert, Mobbing, Monica Semedo
Next post Previous post