Search

You may also like

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer
Neiegkeeten Sport

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun, sinn d‘Zentre vun der Ligue

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg
Neiegkeeten Sport

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg

Aus dem Communiqué vum Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)
Neiegkeeten Sport

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)

Op menger Bréifkëscht pecht e gielen Autocollant “Keng Reklammen w.e.g.”.

Monnerecher Kartingpist: Ab dem 1. Abrëll 2021 nees op

Monnerecher Kartingpist: Ab dem 1. Abrëll 2021 nees op

Ob Pilot mat Lizenz, Amateur oder einfach interesséiert um Rennen, en Donneschdeg, den 1. Abrëll dierf erëm iwwert Kartingpist zu Monnerech gefuer ginn. Mat dëser Aktivitéit dréit de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) eng laang Traditioun vun der Famill Milani virun.

Fir dës Reouverture stinn dann och nei Karts fir Kanner an Erwuessener zur Verfügung, déi een Als Famill, ënnert Kollegen a souguer fir en Firmenausfluch lounen an domat ronderëm renne kann. Ma, zu bestëmmten Zäiten kënne Pilote mat Lizenz trainéiere kommen.

Fir de Jean-Claude Juchem, Direkter vum ACL, ass et besonnesch wichteg de familiäre Geescht oprecht ze erhalen. „Aus dësem Grond wäerten d’Nathalie, d’Séverine, de Jérôme an de Jonathan, bekannte Persounen op dëser Plaz, och weiderhin d’Piloten an enger häerzlecher an och kannergerechter Atmosphär empfänken, déi schonn zënter 1974 bei Kleng a Grouss fir Succès suergt.“

Dobäi gëtt drop higewisen, datt d’sanitär Moossnamen ëmgesat goufen, an och all Persoun op der Pist mat Respekt handele muss. D’Material gëtt no all Notzung desinfizéiert an et muss een online seng Plaz reservéieren.

D’Kartingpist zu Monnerech ass op vun Dënschdes bis Samschdes, jeeweils vun 10:30 bis 12:30 Auer an vun 13:30 bis 18:30 Auer. ACL-Memberen a Persounen, déi eng al Zougangskaart zum Site hunn, kënne vu Virdeeler bei den Tariffer profitéieren.

Weider Informatioune ginn et op www.acl.lu/karting an iwwer Telefon ((+352) 37 90 01).

Related topics ACL, Amateur, Famill Milani, Karting, Kartingpist, Lëtzebuerger Automobilclub, Lizenz, Monnerech, Pilot, Rennsport, Reouverture
Next post Previous post