Search

You may also like

Bicherwoch am Biodiversum
International Neiegkeeten

Bicherwoch am Biodiversum

Vum 16. bis de 24. Februar gëtt zu Rëmerschen un

70 Joer Gënzefest zu Wolz
International Neiegkeeten

70 Joer Gënzefest zu Wolz

Um Päischtméindeg war an alle Gaassen eppes weider lass: zum

Eng „Auszeechnung“ mat Verantwortung
International Neiegkeeten

Eng „Auszeechnung“ mat Verantwortung

Wéi den LCTO et gëschter matgedeelt huet, ass den Direkter

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker

Elo ermëttelt déi franséisch Justiz géint d‘BAYER-Duechter

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker

Déi däitsch Bayer AG, déi den US-Chimiekonzern am Summer 2018 iwwerholl huet, kritt et elo mat der franséischer Justiz ze dinn. Tatsächlech hunn d‘Kollege vun „France2“ an „Le Monde“ opgedeckt, datt déi amerikanesch „Kommunikatiounsagence“ Fleishman-Hillard, honnerte Leit, dorënner Politiker, Wëssenschaftler a Journalisten „fichéiert“ hat, déi géint de Glyphosat sinn.

An dëse Fichiere befannen sech iwwer 200 Nimm, an eng Rei vun de Journalisten déi doranner opgelëscht sinn hunn decidéiert eng Plainte anzereechen. An dëse geheimen a virun allem illegale Fichieren si beispillsweis Salariéeë vun der „Ligue contre le cancer“ enthalen, nëmme well déi sech géint den Asaz oder de notze vum Monsanto-Pestizid ausgeschwat hunn. An domatter net genuch.

Et goufen och Daten iwwer Politiker zesummegestallt, déi dann a Kategorië klasséiert goufen. Déi betraffe Politiker hu sech elo zesummegedoen, a wëllen eng Sammelklo géint Monsanto areechen. De Parquet vu Paräis huet dann elo och eng Enquête an d‘Wee geleet. BAYER sengersäits mécht op Onschëlleg a well vun dëser Praxis eréischt duerch d‘Medien den 9. Mee héieren hunn…

Monsanto

E Numm deen ee sech mierke sollt, wann ee Béises am Sënn huet. Si schéngen do eng gewëssen Expertise ze hunn.

Fleishman-Hillard, eng Agence déi am Beräich Public-Relations an digitale Marketing weltwäit täteg ass, seet vu sech selwer: „Mir ginn all Dag vun engem onwidderstéilechen Drang ugedriwwen ëmmer méi fir eis Clienten ze maachen an déi king Aarbecht – déi Wäerter schaaft a Gespréicher verännert – konsequent ze entwéckelen“. USA, Land vun der onbegrenzter Fräiheet…

Natierlech weisen déi Verantwortlech bei Fleishman-Hillard déi genannte Virwërf zréck. Wéi üblech wousst an dëser weltwäit aktiver Agence keen iwwert esou eng Praxis Bescheed. Si versécheren, déi opgedeckten Dokumenter net identifizéieren ze kënnen, a kënnen sech – zumindest fir den Ament nach – net virstellen, datt en Employé sech net de Reegele konform beholl hätt.

Fakt awer ass, datt déi Kommunikatiounsagence 2016 Fichieren ugeluecht huet, an deenen nieft den Adressen an de Telefonsnummeren (besonnesch déi vun der „rouder Lëscht“) eng hell Wull un privaten Date gesammelt goufen. Dat dierf een net méi als Lobbyismus bezeechnen, dat ass d‘Leit regelrecht ausspionéiert, a muss entspriechend schaarf veruerteelt ginn. Mee kënnt et och derzou?

mat indymedia/sfo/par/lon

Illustratioun: Monsanto huet joerzéngtelaang d‘Welt vergëft, Kläger duerch d‘Mille vun der Justiz gedriwwen – ass awer rezent zolidd veruerteelt ginn – an och net gezéckt kléng Baueren an de Ruin ze dreiwen. Elo ass dann och gewosst, datt si „Mënschen déi hinnen net gutt gesënnt waren“ vu „Beroder“ iwwerwaache gelooss hunn. Den däitsche Proprietaire weess natierlech näischt dovunner.

Related topics Bayer, Fleishman-Hillard, Iwwerwaachung, Justiz, Monsanto
Next post Previous post