Search

You may also like

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019
Neiegkeeten

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019

Am Kader vun Nationalfeierdag huet um vergaangenen Dënschdeg d’Familljen- an

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA
Neiegkeeten

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA

Schonn den 23. Februar hat den Donald Trump via Twitter

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad
Neiegkeeten

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad

Zanter elo 25 Joer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office

Mat Empathie an Häerz: Haut ass de „Monter-den-Einsamen-op-Dag“

Mat Empathie an Häerz: Haut ass de „Monter-den-Einsamen-op-Dag“

Och wann all Dag Zäit fir eng gutt Dot ass, den 11. Juli ass tatsächlech de „Monter den Einsamen op-Dag“. Offiziell ass den Aktiounsdag net unerkannt, fält och éischter ënnert déi skurril Kategorie, stellt sech awer als flott a virun allem häerzlech Iddi eraus.

De Francis Pesek, en empathesche Mann aus Detroit huet den Aktiounsdag an d’Liewe geruff an dofir säi Gebuertsdag erausgesicht. Hien war e waarmhäerzege Mann, dee genee wousst wéi schlëmm sech Einsamkeet ufillt.

Ziel ass et, datt jiddweree versiche soll säi perséinlecht Gléck mat engem ze deelen, deen eleng ass. Vill Mënschen hunn Familljen oder Frënn verluer, si geplënnert an hunn (nach) keen Uschloss an där neier Ëmgéigen fonnt. Dofir ass dësen Dag déi perfekte Geleeënheet seng fräi Zäit mat Mënschen ze verbréngen, déi eleng sinn.

Et geet net nëmmen drëms mat hinnen e schéinen Dag ze verbrénge, mä et ass wichteg ze weisen, datt een sech interesséiert. Eng gutt Iddi ass eng kleng Opmierksamkeet matzebréngen, eng léif Kaart oder Blumme fir se opzemonteren. Souguer e klengt léift Laache geet duer. Positiv Reaktiounen erzeuge positiv Aktiounen. Dat beschte Geschenk un dësem Aktiounsdag ass d’Zäit fir ze Laachen an ze schwätzen. Natierlech bei enger gudder Taass Kaffi …

Domat passt den Dag eigentlech perfekt an d’Coronazäit. Mir hunn eis mat den Aschränkungen a Moossnamen arrangéiert- mir probéieren eis zu Recht ze fannen. Nei Gewunnechte musse fi Plaz am Alldag fannen. D’Hand zur Begréissung ginn, wäert dat iwwerhaapt erëm an eiser Gesellschaft ukommen?

Besich a Rendezvouse fannen héchstens am klenge Krees statt,- gutt mat de soziale Medie kann e villes kompenséieren, mee et ass keen Ersatz. A genee dofir ass dëse „Monter déi Einsam op Dag“ méi gutt fir d’Moral wéi gemengt.

Lauschtert de Mënschen no – hiren Erënnerungen an alles wat si beschäftegt. Oder huet Iech Zäit a maacht, wat deen aneren wëll. Einsam Mënsche fënnt een iwwerall – an heiansdo ass een einsam, obwuel en sou vill anerer ëm sech huet. Also, maacht eppes draus!

Opmaacherbild: © Casey Horner / Unsplash

Related topics #NationalCheerUpTheLonelyDay, Aktiounsdag, Einsamkeet, Empathie, Francis Pesek, Monter-den-Einsamen-op-Dag, Pandemie, Zäit zesummen
Next post Previous post