Search

You may also like

STATEC: Fir Kanner vun 18 Méint muss een den héchste Budget aplangen
Neiegkeeten

STATEC: Fir Kanner vun 18 Méint muss een den héchste Budget aplangen

Wien e Bëbee kritt, dee muss e Mindestbudget vun 304

Editorial: Wann der zwee sech ëm de Jughurt streiden…
Neiegkeeten

Editorial: Wann der zwee sech ëm de Jughurt streiden…

Wat ass dat awer eppes mat deem ganze Gestreits wéinst

money
Changementer an der Direktioun vun ARVAL
Neiegkeeten

Changementer an der Direktioun vun ARVAL

ARVAL ass eng vun de „grousse“ Leasingfirmaen zu Lëtzebuerg. Enn

Moovijob Tour Luxembourg

Déi gréisste Foire zu Lëtzebuerg fir: „Eng Schaff, eng Formatioun, eng Carrière“

Moovijob Tour Luxembourg

De Moovijob Tour Luxembourg ass déi gréisste Foire vum Land, bei där een sech direkt op der Plaz fir eng Schaf oder Formatioun bewerbe kann. Laut eegenen Aussoen, huet dës Foire, déi et elo schonn eng Rei Jore gëtt, dausende Mënsche gehollef eng Aarbechtsplaz, eng Ausbildung an/oder Rotschléi ze kréien, déi engem weisen, wéi ee sech um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart erëmfënnt.

Dësen Event fënnt statt e Freideg den 22. Mäerz vu 09.30 bis 17.00 Auer um Kierchbierg, am ECCL (European Convention Center Luxembourg). Laut den Organisateure vun der Foire, stinn engem hei 150 Entreprise géinteniwwer déi „massiv astellen“. Zudeem bitt dëse Salon d‘Méiglechkeet ee puer honnert Formatiounsofferen ze entdecken, déi engem solle Virdeeler bei der Sich oder der berufflecher Reorientéierung bréngen. An et gëtt interessant Konferenzen…

Et ass een am Virdeel wann ee sech ageschriwwen huet (dat kann een hei maachen). Esou kann een iwwert dëse Wee scho säi Liewenslaf eroplueden, deen da vun de Recruteuren an der CV-Théik kënnen agesi ginn. Domatter erhéicht ee seng Chance kontaktéiert ze ginn.

Zu Moovijob

Moovijob ass eng Lëtzebuerger Entreprise déi 2007 gegrënnt gouf, an eegenen Aussoen no, zu de bedeitendste Rekrutement-Déngschtleeschter zu Lëtzebuerg an der Groussregioun (hei virun allem am Elsass a Loutrengen) gehéiert. Hir Geschäftsiddi besteet doranner, Mënschen déi op der Sich no enger Schaff sinn, oder sech berufflech verännere wëllen, mat Entreprisen zesummenzeféieren.

Dat besonnescht dorunner ass, datt dës Entreprise sech net domatter zefridde gëtt, iwwert hir online Plattform net nëmmen Aarbechtsplazen ubidden, mee och iwwert Aus- a Weiderbildung informéieren. Zousätzlech zur Presenz am virtuelle Raum, organiséiert Moovijob Evenementer, bei deenen een am „Face-à-Face“ souzesoen e Virstellungsgespréich mat zukünftege Patron kann hunn.

Nieft der online Plattform an der Foire, organiséiert d‘Entreprise am Frankräich an zu Lëtzebuerg och nach sougenannt „Plug & Work“ Owenter, bei deenen een an ongezwongener Atmosphär „Entreprise kenne léiere kann“. Zousätzlech organiséiert dës Entreprise och d‘Foire „unicareers.lu“, déi de Studente a Beruffsufänger gewidmet ass.

Foto: © Moovijob

Related topics ECCL, European Convention Center Luxembourg, Moovijob Tour Luxembourg
Next post Previous post