Mäerderescht Paräis: Geckeg Fra soll no Sträit mat Noper Haus a Brand gestach hunn
Bei engem gräissleche Feier am 16. Arrondissement zu Paräis, sinn
Bei engem gräissleche Feier am 16. Arrondissement zu Paräis, sinn
Krankheet, Dout oder komplett Inexistenz – d’Blomeesen haten et dëst
Den éischte Weekend vum Oktober steet ganz am Zeeche vun
D’Nancy Delhalle vu MoPets erkläert: „Fir déi meeschte Belsch sinn hir Hausdéiere wéi Kanner, si gi mat vill Opmierksamkeet verwinnt. Leider feelen dacks lokal Kontakter oder Informatiounen – mir bréngen alles zesummen.“
Wien huet da schonn no engem Hotel gesicht, wou och 2 Hënn wëllkomm sinn? Wéi eng Miwwel leie bei eise klenge Frënn am Trend? Wéi eng Frisur ass da grad modern? Wou gëtt et dat beschte Fudder? Dir gesitt, et sinn elauter ënnerschiddlech Froen. D’Frënn vun eise beléifte Véierbeener fannen an der sech stänneg wiesselender Welt d’Äntwerten op enger Plaz: Nämlech bei MoPets.
Fir d’éischt ass et um Déierebesëtzer, ee Profil op der digitaler Plattform ze erstellen, eréischt duerno ka Kontakt mat anere Besëtzer sou wéi de Geschäfter oder de Fachleit opgeholl ginn. Och Fräizäitaktivitéiten si bei MoPets ze fannen.
Hëllefräich ass dobäi och, datt ee Meenungen a Bewäertunge kann ofginn, wat da ganz praktesch gëtt, wann ee sech entscheede wëll, ob e Client gëtt a wat ee kafe soll.
Duerch déi virtuell Kontakter kënnen sou munch nei an och real Frëndschaften entstoen. Datt de Besoin no esou enger Plattform do ass, huet sech am Joer 2020 erausgestallt. Duerch de Coronavirus hunn sech vill Mënschen een Hausdéier zougeschaf. An duerch déi sanitär Sécherheetsmoossname war et méi einfach online no präzisen Informatiounen ze sichen.
Och déi gréissten Online-Déierenaptikt an der Belsch huet festgestallt, datt hiren Ëmsaz sech verduebelt huet.
Hoffe mer alt, datt dat keen Trend ass. Eleng sinn, oder Erausgoe wëllen ass nämlech net Grond genuch fir esou eng Entscheedung ze huelen. Si verännert Liewen. Et wär schued, wann dës Déieren erëm en neit Doheem musse sichen.
Mat der Hëllef vu sengen engagéierte Mataarbechter wëll MoPets bis Enn 2021 ronn 100.000 aktiv Memberen an der Belsch an zu Lëtzebuerg erreechen.
Weider Informatiounen zu dëser ongewéinlecher Plattform fannt Dir op www.mopets.com.
Opmaacherbild: MoPets / Facebook