Search

You may also like

Brexit: Ouni Handelsaccord wëllen d‘Briten d‘Scheedung net bezuelen
Neiegkeeten

Brexit: Ouni Handelsaccord wëllen d‘Briten d‘Scheedung net bezuelen

Wann een et net mat vernënftege Virschléi hikritt, da versicht

Editorial: Mam gudde Beispill virgoen
Neiegkeeten

Editorial: Mam gudde Beispill virgoen

Et ass scho verwonnerlech, wéi vill Leit – och hei

money
De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!
Neiegkeeten

De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!

Kleng Kanner déi u spinaler Muskelatrophie leide kann elo an

De Morbide Fetisch vum STATEC

Läit et um Covid19 oder sinn dem STATEC-Direkter Serge Allegrezza just nëmmen depressiv?

De Morbide Fetisch vum STATEC

Zanter dem November beschäftegt sech de statisteschen Déngscht, deen dem Wirtschaftsministère ënnerstallt, mat der Stierflechkeet am Kontext vun der sanitärer Kris. A jo, et huet sech zanter dem éischte Communiqué aus dem November näischt grondleeënd un Fakt verännert, datt mir all musse stierwen. Diskussioune gëtt et dann awer am Bezuch op den Zäitpunkt…

Woubäi elo hei net sollt mëssverstane ginn, datt ee beim STATEC wéist wien wéini de Läffel ofgëtt si ziele just wéi vill Mënsche wéini u wat oder firwat de Jordan iwwerschratt hunn. Am Dezember, nach iert d‘Mesuren zum Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet maximéiert goufen a bekannt war datt de SARS-CoV2 e britteschen a südafrikanesche Koseng op d‘Leit lassgelooss huet, waren dem STATEC-Direkter seng Leit däitlech: „Mir sinn a Liewensgefor!“.

Wéi si dës Ausso ganz ëmständlech an ee Communiqué verpaakt hunn, haten se um STATEC awer nëmmen d‘Zuele vun den éischten zéng Méint virleien, an hunn dann och emol direkt misse kloer matdeelen, datt dat wat hinnen an dëser Form esou géif virleien eigentlech kee Su wäert ass, mee et eng Demande géif ginn, firwat een sech awer entschloss hätt eppes zu Stierflechkeet ze soen. Esou an net anescht léist sech den éischte Virstouss vum STATEC erklären.

Esou huet sech also erginn, dat bis November zu Lëtzebuerg, am Joer 2020, eng 103 Leit méi wéi am selwechten Zäitraum 2019 (Januar – Oktober) verstuerwe sinn. Et gouf villes un Erklärung woubäi wéineg bezunn op méiglech Zesummenhäng mam demographesche Wandel. An esou gouf an de Raum gestallt, datt (strikt numeresch betruecht) 2,9% méi Leit verstuerwe sinn, wéi am verglach zum Virjoer. Si woussten awer, datt den November déidlech ass…

Et gëtt weider am Dréiwe gefëscht

Enn Dezember huet de STATEC nach emol eppes zur Stierflechkeet verëffentlecht. Elo ass et scho richteg, datt dës Administratioun éischter seelen eppes zum Joresenn publizéiert, mee 2020 war jo keen normaalt Joer. Et gouf also de Rapport, fir deen net nach ëmmer keng finaliséiert Daten hat, awer verëffentlecht. A wann d‘Date schlecht sinn, mussen se gutt interpretéiert ginn. Zudeem war annoncéiert ginn, datt am November 42% méi Leit stierwe géifen.

Elo hu mir Januar an déi effektiv verstuerwe Persoune goufen zesummegerechent: et waren op de Komma genee 530 Residenten (Männer: 274 – Fraen: 256) déi am November gestuerwe sinn. Dat si géintiwwer dem Virjoer +31,2% a géintiwwer 2018 eng Steigerung vun 48%. Mat 517 Covid19-Affer kann een en Zesummenhang mat der Pandemie och net ausschléissen, mee aus iergendengem Grond ventiléiert de STATEC dës Zuelen net.

Hale mir nach fest, datt bezunn op déi virleiend Informatiounen, d‘Stierflechkeet an den éischten 11 Méint vun 2020, bei 6,6 fir 1000 geleeën ass. 2018 huet dësen Taux bei 6,5 fir 1000 geleeën an d‘lescht Joer ëmmerhi bei 6,3. Wou do den Impakt vum Covid19 an den Zuele stécht? Dat weess de STATEC den Ament och nach net, si hunn d‘Joer 2020 nach net an Zuele virleien. Si ginn awer och net méi vun enger Iwwerstierflechkeet aus.

Illustratioun: © Max Kleinen / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Iwwerstierflechkeet, Serge Allegrezza, Statec, Statistiken
Next post Previous post