Search

You may also like

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen
International Neiegkeeten

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen

Wann d‘Cactus-Direktioun sech a Punkto Kollektivvertrag ganz schlecht beholl huet,

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?

[onionbuzz quiz-id=70][/onionbuzz] D’Éislek mécht e gudden Drëttel vun der Landesfläch

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen
International Neiegkeeten

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen

Fir et de Leit, déi sech um Aarbechtsamt (ADEM) aschreiwe

Mord am Amazonas

Holzfäller erschéissen de Paulo Paulino Guajajara, e Wiechter vum Bësch

Mord am Amazonas

De Paulo Paulino Guajajara, bekannt als Kwahu Tenetehar, ee Member vum Grupp „Wiechter vum Bësch“, war ee vun de prominentste Beschützer vum Amazonas Bësch. Hien ass elo vun Holzfäller erschoss ginn. Kritesch Stëmme gesinn eng Matschold vun der brasilianescher Regierung.

Laut der Mënscherechtsorganisatioun „Survival International“ wollt den Kwahu Tenetehar nëmmen an de Bësch goe fir Waasser ze huelen. De Mann vum Stamm vun de Guajajara aus dem Indianer-Schutzgebitt Arariboia a säi Begleeder sollen hei vun op mannst fënnef Mann ëmstallt gi sinn, déi och direkt op d‘Indianer geschoss hunn. Béid Männer sollte regelrecht higeriicht ginn, esou d‘ONG.

Vun den Autoritéiten ass mëttlerweil bestätegt ginn, datt et sech bei den Täter ëm illegal Holzfäller gehandelt huet. De Paulo Paulino wier an d‘Genéck geschoss ginn, säi Begleeder, och en Aktivist vu „Wiechter vum Bësch“ konnt sech blesséiert duerch d‘Bascht maachen. Alle béid wieren se nëmme mat Feil a Bou ausstafféiert gewiescht. Et gëtt een Holzfäller vermësst, esou d‘Police.

Säitens der brasilianescher Bundespolizei ass de Mord och confirméiert ginn. Déi huet elo en Team an d‘Géigend geschéckt, dat mat den Ermëttlunge beoptraagt ass. De brasilianesche Justizminister Sergio Moro huet géintiwwer de Medie gemengt, datt et wichteg wier déi Verantwortlech virun e Geriicht ze bréngen. D‘Indianerverwaltung Funai huet de Virfall bedauert an Hëllef ugebueden.

De Profit justifiéiert alles

Och vu Greenpeace ass dëse Mord schaarf veruerteelt ginn. Béid „Wiechter vum Bësch“ wieren d‘Affer vun engem Staat, dee sech weigert d‘Bestëmmunge vun der Verfassung anzehalen. D‘ONG beklot de Fait, datt sech de Staat weigert déi indigen Aktivisten an hir Gebitter ze schützen. Dat huet allerdéngs och mat der neier politescher Ausriichtung ënnert dem Jair Bolsonaro ze dinn.

Kritik gëtt et och vum kathouleschen Indianermissiounsrot. Dëse Veräin deem seng eenzeg Aufgab doranner besteet, aus den Indianer gutt Katholiken ze maachen, si also vun hirer Liewensweis ofzebréngen oder ze „ziviliséieren“, jee no Gesiichtspunkt, mécht de faschistesche President vu Brasilien fir d‘Zounam vun der Gewalt an de Schutzgebidder verantwortlech. A Falsch ass dat net.

Fakt ass, datt sech déi Indigen haut net méi fräi op hiren eegene Lännereie bewege kënnen. Well d‘Verwaltung säi Budget zolidd gekierzt kritt huet, ass net méi méiglech Patrullen zum Schutz vun de Bëscher an den indigene Gebitter ze maachen. Illegal Aktioune kënnen esou net méi verhënnert ginn, Enquête si kaum méiglech. Laut der Funai huet et zanter Januar op mannst 160 Fäll ginn.

Den institutionaliséierte Genozid

Déi Virsëtzend vun der Vereenegung vun den indigene Vëlker Brasilien, Sonia Guajajara, huet en Appell un déi brasilianesch Regierung geriicht: „Et ass un der Zäit dësen institutionaliséierte Genozid ze stoppen! Haalt op d‘Bluttvergéisse vun eisem Vollek ze erlaben!“. D‘Wiechter vum Bësch hunn zudeem nëmmen een Uleies: si wëllen hire Liewensraum erhalen.

D‘Indianerschutzgebitt Arariboia läit am brasilianeschen Nordosten, do wou déi dréche Savanne an de Reebësch iwwergeet. Dëst Gebitt war 1990 ausgewise ginn a bedréit eng Fläch vu gutt 413.000 Hektar. D‘Vollek vun de Guajajara ass mat ëm déi 20.000 Mënschen ee vun de gréisste Stämm. An hirem Gebitt liewen zudeem och nach Vëlker, déi bis haut kee Kontakt mat der Zivilisatioun hunn.

Hire Problem? Hire Liewensraum ass räich u Ressource an d‘Agrarindustrie huet och en Interessi um Land, wann déi illegal Holzfäller hir knaschteg Aarbecht bis erleedegt hunn. Wann sech do en Indianer histellt a säi Recht afuerdert, gëtt eigentlech ëmmer kuerze Prozess gemaach. An elo mam Jair Bolsonaro, dierfen sech d‘Täter an d‘Optraggeber och nach sécher sinn, dat kee se stéiert…

mat indymedia/ccs

Foto: De Paulo Paulino Guajajara, bei senge Leit besser bekannt als Kwahu Tenetehar, ass vun illegalen Holzfäller ëmbruecht ginn. © Sarah Shenker/Survival International

Related topics Amazonas, Holzfäller, Indigen Vëlker, Jair Bolsonaro, Kwahu Tenetehar, Paulo Paulino Guajajara, Survival International
Next post Previous post