Search

You may also like

Sträit ëm Gaspipeline NordStream2 geet weider
International Neiegkeeten

Sträit ëm Gaspipeline NordStream2 geet weider

De Schlagaustausch am Dossier NordStream2, der Gaspipeline vu Gazprom, déi

Wikipedia an der Tierkei gespaart
International Neiegkeeten

Wikipedia an der Tierkei gespaart

Wat am Ament an der Tierkei alles lass ass léisst

Desinfektiounsmëttel fir den ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

Desinfektiounsmëttel fir den ëffentlechen Transport

Fir zousätzlech zur sozialer Distanz an der Masekflicht d’Sécherheet vun

Muss de Mord um George Floyd nei Verhandelt ginn?

Muss de Mord um George Floyd nei Verhandelt ginn?

Virun zwee Méint hat de Prozess géint den Derek Chauvin, deen d‘Jury beim Prozess am Fall vun der Ermordung vum George Floyd an alle Punkte Schëlleg geschwat hunn, ugefaangen an et gouf sech eigentlech nach just op d‘Urteel selwer agestallt. Dem Polizist säin Affekot awer, fuerdert aus Grënn en neie Prozess. Geriicht a Procureur hätten sech dernieft beholl…

Dem Derek Chauvin säin Affekot, Eric Nelson, fuerdert vun der US-Justiz en neie Prozess fir säi Mandant. Dëse wier net fair behandelt ginn, et hätt een hie senge vun der Verfassung garantéiert Rechter beklaut. Staatsanwaltschaft a Geriicht hätte rechtlech Feeler begaangen an sech däitlech falsch – am Sënn vun der Rechtsspriechung – verhalen, esou d‘Argumentatioun vum Eric Nelson.

Elo ass et den éischte Virstouss vun der Verdeedegung. Déi hat schonn am Prozess, beim Riichter widderholl Anträg agereecht, mat deenen en direkt Enn vum Verfaren opgrond vu rechtleche Feeler gefuerdert gouf. De Riichter Peter Cahill huet dës ëmmer nees zeréckgewisen. Am jéngsten Antrag féiert den Eric Nelson un, datt de Riichter sech géint eng Verhandlung an enger anerer Stad – dat gëtt oft gemaach fir d‘Befaangenheet vun der Jury auszeschléissen – ausgeschwat hätt.

Domadder net genuch, den Eric Nelson ënnerstellt – wuel zu Recht – datt de Riichter et verpasst hat d‘Jury, fir d‘Dauer vum Verfare vun der Aussewelt ofzeschotten. Déi solle jo net „beaflosst“ ginn an hir Entscheedung aus fräie Stécker huelen. Dat dierft am Kontext vum politesche Chaos deen dësen institutionelle Mord ausgeléist huet, vu vireran awer auszeschléisse gewiescht sinn. Et geet ëm vill.

Ëmmerhin ass jo nach jidderengem an Erënnerung, datt den Dout vum George Floyd um 25. Mee zu massiven Demonstratioune géint Rassismus a Policegewalt ausgeléist hat. Et gëtt béis Zonge wou behaapten, datt den US-President hei seng zweet Mandatszäit verluer hätt. D‘Hiriichtung vum George Floyd duerch de Polizist Derek Chauvin huet iwwer néng Minutte gedauert, an ass integral dokumentéiert. Et ass net dovunner auszegoen, datt de Polizist Derek Chauvin en 2. Prozess kritt.

mat indymedia/min/nyc

Illustratioun: © Niclas Hamann / unsplash

Related topics Derek Chauvin, Eric Nelson, George Floyd, Institutionell Gewalt, Minneapolis, Mord, Police, Rassismus, USA
Next post Previous post