Search

You may also like

Editorial: Ass eng Berichterstattung net erwënscht?
International Neiegkeeten

Editorial: Ass eng Berichterstattung net erwënscht?

Gëschter war, wéi ech et grad aus der Zeitung vum

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft
International Neiegkeeten

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft

Déi saudesch Monarchie ass wéinst senger traureger Roll am Jemen,

money
„Ze vill Faillitten“ behaapt Creditreform Luxembourg
International Neiegkeeten

„Ze vill Faillitten“ behaapt Creditreform Luxembourg

Lëtzebuerg steet eigentlech, am konjunkturelle Kontext, wirtschaftlech esou gutt do

Weider Verhaftungen no Mord um haitianesche President

Weider Verhaftungen no Mord um haitianesche President

Zanter an der Nuecht op ee Mëttwoch de Jovenel Moïse vun engem friemlännesche Kommando a senger Residenz ëmbruecht ginn ass, gëtt et vill Aktionismus. Um Donneschdeg gouf gemellt, datt véier Attentäter dout wieren an zwee konnte verhaft ginn. Elo gouf et weider Festnamen.

Nodeems scho 15 Kolumbianer an zwee US-Bierger vun den Autoritéite festgesat goufen, huet et och Verhaftungen an der taiwanescher Ambassade ginn. De Fait gëtt vun der Ambassade bestätegt, vun hir war den haitianeschen Autoritéite jo och d‘Razzia erlaabt ginn. Am kuerze Communiqué heescht et, datt Taiwan ee laangjäregen a vertrauenswierdege Partner vun Haiti ass. Stëmmt…

Haiti ass eng vun de 15 Natiounen déi Taiwan als Natioun unerkennt an diplomatesch Bezéiungen ënnerhält, wat vu Peking net appreciéiert gëtt. Wat awer hunn déi Leit, wou an der Ambassade vun de Sécherheetskräfte festgeholl goufen, elo mam Uschlag ze dinn? Nach ass alles zimlech chaotesch an oniwwersiichtlech. Trotzdeem goufen de Medien emol 17 presuméiert Attentäter virgefouert.

Haiti

Den haitianesche Policechef Léon Charles huet erkläert, datt 26 Kolumbianer an zwee Amerikaner un dëser Aktioun solle bedeelegt sinn. Déi 17 „Täter“ déi d‘Autoritéite verhaft hunn, goufe gëschter den interesséierte Medien an Handschellen, bewaacht vu schwéierbewaffent a vermummten Agente virgefouert. Hei sinn och d‘Waffen ausgestallt ginn, mat deenen de Jovenel Moïse ëmbruecht gouf.

Laut dem Léon Charles sinn dräi kolumbianesch Täter dout an aacht wieren nach op der Flucht. Hie bestätegt, datt déi kolumbianesch Regierung den haitianeschen Autoritéiten all erdenklech Hëllef ugebueden huet fir de Fall ze klären. De kolumbianesche Verdeedegungsminister Diego Molano huet sengersäits confirméiert, datt et sech ënnert de bedeelegten och fréier Zaldote befannen.

Mindestens sechs vun den Täter wiere Membere vun den nationale Sécherheetskräfte gewiescht, esou de Kolumbianer dee statuéiert: „Mir hunn eiser Police d‘Uweisung ginn, alles ze maache wat zur Opklärung vun dëser Dot bäidréit“. Fir wien dës „Leit“ agéiert hunn, wat d‘Hannergrënn vum Attentat op de Jovenel Moïse sinn, dozou huet et bis ewell nach ëmmer nëmme Spekulatiounen.

Wéi geet et weider?

An der Haaptstad Port-au-Prince wei och an de meeschte gréissere Stied sinn d‘Stroossen nach ëmmer wéi ausgestuerwen. D‘Butteker hunn d‘Rideauen erofgelooss, zu Pétionville soll et schonn zu Iwwergrëff komm sinn a generell schéngt déi haitianesch Uewerschicht ee Biergerkrich ze befierchten. Dat huet mam Dissens tëscht den zwee „staarke“ Männer: Henry a Joseph, ze dinn.

De Claude Joseph huet sech nom Dout vum Jovenel Moïse als Interimspresident presentéiert, wëll den designéierte Premierminister Ariel Henry nach net vereedegt war. Den Ariel Henry sengersäits beusprocht den Interim fir sech. Esou ee Sträit kann an engem Land dat vu Korruptioun an Aarmut beherrscht gëtt, séier zum Chaos féieren, firwat een och bei de Vereenten Natiounen onroueg gëtt.

Déi UN-Sonnerbeoptraagten Helen La Lime huet d‘Konfliktparteien zur Rou opgeruff. Et misst een elo d‘Differenze bäileeën, fir dëse Schwierege Moment ze iwwerwannen. Si appelléiert, fir zäitno Walen ze organiséieren. D‘Haitianer sollten entscheeden, wien déi nächst Regierung stellt. Och an den USA gëtt zur Rou opgeruff a gefuerdert, datt d‘Wale wéi virgesinn am September stattfannen.

Vun dëser „Iwwergangsregierung“ ass mëttlerweil eng Demande un d UNO an d‘USA geriicht ginn, Truppen an d‘Land ze schécken, wie strategesch wichteg Uertschaften ze sécheren. Dat bestätegt dee fir Walen zoustännege Minister Mathias Pierre. D‘Demande wier am Kontext vun engem Echange mat Vertrieder vun der UNO an dem US-Ausseminister Anthony Blinken geäussert ginn.

Washington huet an dësem Kontext erkläert, datt et keng Pläng hätt sech un dësem Konflikt ze bedeelegen. Militäresch Hëllef vun den USA ass also net virgesinn. Et ass folgerichteg och net dovunner auszegoen, datt esou eng Demande – also bezunn op ee méiglech Blohelm-Asaz – am UN-Sécherheetsrot vun den USA géif ënnerstëtzt ginn. Et stellt sech d‘Fro: „Wei geet et weider?“.

mat indymedia/pap/nyc

Related topics Anarchie, Ariel Henry, Chaos, Claude Joseph, Haiti, Jovenele Moïse, Mord, UNO, USA
Next post Previous post