Search

You may also like

Kalifornesche Schüler erschéisst zwee Komeroden
International Neiegkeeten

Kalifornesche Schüler erschéisst zwee Komeroden

Et kléngt wéi en Trappewitz vun der Geschicht: während zu

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl
International Neiegkeeten

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl

D’lëtzebuergesch Youtuberin Tatta Text hëlt an hirem aktuellste Video d’Sloganen

Esch-Uelzecht: Don‘t call it „Blummendëppen“!
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Don‘t call it „Blummendëppen“!

De Club Senior Mosaik vun Esch-Uelzecht gëtt vum Service HELP

Mord zu Amsterdam!

Affekot op oppener Strooss erschoss, e Land ass geschockt

Mord zu Amsterdam!

En Attentat? Nee en hannerlëschtege Mord. Den Affekot Derk Wiersum ass um Mëttwochmuere viru sengem Haus zu Amsterdam vun engem jonke Mann, dee laut den Aenzeien tëscht 16 an 20 Joer al wier, op oppener Strooss erschoss ginn.

Den Derk Wiersum war Affekot fir Strofrecht an huet e sougenannte Krounzeien an engem grousse Mordprozess géint enge organiséiert Band verdeedegt. Wéi et säitens den Autoritéiten heescht, wier de presuméierten Täter nach ëmmer op der Flucht. D‘Police geet dovunner aus, datt sech de jonken Täter mat dëser Dot eng „besser Plaz“ an der Banden-Hierarchie séchere wëll.

MordAn Holland huet dëse Virfall fir zimlech Opreegung an der Bevëlkerung gesuergt. Stellungnamen aus politesche wéi juristesche Kreesser gi vun engem Ugrëff op d‘Rechtsstaatlechkeet aus. Den hollännesche Ministerpresident, Mark Rutte, huet sech am Parlament zu Den Haag „besuergt“ gewisen. Och hei war d‘Stëmmung gedréckt an d‘Debatten si mat Mooss gefouert ginn.

Wourëms et geet

De Krounzeien Nabil B. sëtzt an Untersuchungshaft. Him gëtt vun der Justiz virgeworf, Member vun enger Drogeband ze sinn. Mat him sëtzen nach weider 15 Männer am Prisong. Si sollen Dosende Leit ermuert hunn, esou d‘Autoritéiten, déi drop verwisen hunn, datt de Chef vun der Band nach ëmmer op der Flucht ass. Dës Band gëllt als mat dat „kriminellst“ wat Holland ze bidden huet.

Et ass allerdéngs net vun ongeféier, firwat sech den Nabil S. entscheet huet géint seng „Bridder“ auszesoen. Virun engem Joer war säi Brudder ermuert ginn. D‘Police geet dovunner aus, datt den Affekot dann och ëmbruecht gouf, well hien an dësem Prozess den Nabil S. als Krounzeie vertrueden huet. Seet hien aus, da riskéieren seng fréier „Kollegen“ ganz laang Prisongsstrofen.

Bandekrich?

An Holland ass dat wat een allgemeng als Bandekrich bezeechne kann näischt Neies. Zanter Jore kënnt et tëscht de kriminelle Familljen zu schwéieren Ausenanersetzungen. E Mord un engem Affekot awer ass eng Première. Bis ewell haten déi „Kriminell“ Anstand genuch sech géigesäiteg ëmzebréngen. Mat dëser Dot, esou d‘Autoritéiten, ass et zu engem Paradigmewiessel komm.

Den Affekot schéngt awer virun der Dot „bedreet“ ginn ze sinn an eigentlech wier et ubruecht gewiescht sech ze Schützen, esou wéi de Journalist vun der „Yellow press“ dee vun der selwechter Band bedreet gëtt, an zanter zwee Joer net ouni Persouneschutz ënnerwee ass. Ob dat allerdéngs duer gaange wier, fir den Uschlag op de Jurist ze verhënneren, léisst sech esou net beäntwerten.

An elo?

An enger éischter Mesure ginn elo am Justizministère weider Pisten ënnersicht, d‘Sécherheet am Prozess oprechtzeerhalen. De Prozess muss weider goen a weider Interferenze soll et keng ginn. Zu dësem Zweck ass d‘Ënnerstëtzung vun der Antiterror-Eenheet ugefuerdert ginn. Et muss sech ëm en neie Rechtsbäistand fir de Krounzeie gekëmmert ginn, an och deen dierft besser geschützt ginn.

De Justizminister wëll dann och mam Barreau an dem Verband vun de Riichter klären, ob an dësem Prozess weider Persoune geschützt musse ginn. An engem Punkt gëtt et awer och Eestëmmegkeet: de Prozess géint déi organiséiert Band muss weidergefouert ginn. E Prozess deen sech awer nach eppes hinzéien. Wat genee an der Uklo behandelt gëtt, soll eréischt d‘nächst Joer gekläert ginn.

mat indymedia/ams

Foto: © Martin van der Zande

Related topics Amsterdam, Bandekrich, Drogenhandel, Kriminell Organisatiounen, Mord
Next post Previous post