Search

You may also like

De Sozialplang bei IBM ass ënnerschriwwen
Neiegkeeten

De Sozialplang bei IBM ass ënnerschriwwen

Nodeems IBM Lëtzebuerg Ufank Mäerz decidéiert huet 12% vum Personal

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen
Neiegkeeten

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen

Méi wei 10.000 jonk Leit vu méi wei 150 Länner

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest
Neiegkeeten

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet Ufanks der

Moria-Aktioun: En Häerz fir d’Mënschen op der Insel Lesbos

Moria-Aktioun: En Häerz fir d’Mënschen op der Insel Lesbos

Ufank September 2020 huet e Feier d’Flüchtlingslager Moria op der griichescher Insel Lesbos uerg getraff. Op der Flucht an ee méi mënschewierdegt Liewen hu si sech virun de Flamen missen a Sécherheet bréngen an hunn duerch de Brand hire leschte Besëtz verluer. Mat diversen humanitären Aktioune gëtt probéiert Hëllef ze bidden a grad elo an der wanterlech-festlecher Zäit sollt een driwwer nodenken, ob ee seng Suen net léiwer dohinner spent, wou se dréngend gebraucht ginn. An dësem Kader stelle mir Iech eng mof Spendenaktioun vir, déi an Zesummenaarbecht mat der däitscher ONG Borderline Europe an d’Liewe geruff ginn ass.

E klenge Geste vun eiser Säit kann op enger anerer Plaz vill bewierken. Aus dësem Grond rifft d’Piratepartei dozou op, sech un hirer Moria-Aktioun ze bedeelegen. An éischter Linn geet et ëm d’Initiativ an aktiv Ënnerstëtzung, an net ëm e politescht an-Zeen-setzen.

Moria-Aktioun© Giorgos Mutafis / Borderline Europe (Facebook)

Wéi kann ee matmaachen?

Beim Kaf vun engem sougenannte Moria-Package erhaalt Dir als Merci fir Är Spend eng Stoffmask (ka gewäsch ginn an ass a verschidde Gréisste verfügbar), sou wéi eng Taass. Dëse Package kascht 33,50 € wouvunner 3,50 € scho fir d’Liwwerung agerechent sinn. Natierlech kann ee sech och mat engem méi héije Geldbetrag bedeelegen.

A keng Angscht: D’Käschte vum klenge Kaddo ginn aus der Keess vun de Pirate finanzéiert, an net vun Ärem Don ofgezunn. Bestelle kënnt Dir HEI.

Moria-Aktioun

Déi komplett Recette ginn uschléissend un d’ONG Borderline Europe. Wärend een ufanks dofir gesammelt huet de Flüchtlingen Schong a Strëmp an engem griichesche Kleederbuttek kafen ze kënnen, gouf e bëssen ëmgeplangt an et wëll een a Kleedung investéieren. Nodeems zuelräich aner ONGen Schong a Strëmp zur Verfügung gestallt hunn, gëllt et elo dofir ze suergen, datt d’Flüchtlingen am Wanter net fréiere mussen. Schliisslech kann et och a Griicheland frësch ginn…

Zu Borderline Europe

Déi däitsch ONG Borderline Europe ass 2007 gegrënnt ginn an ass säit 2015 op der Insel Lesbos aktiv. Zu hire Missioune gehéiert ënnert anerem d’Ubidde vun Englesch- an/oder Griicheschcoursen, sou wéi d’Ënnerstëtzung an d’Hëllef, fir de Flüchtlingen hir Pabeieren an d’Rei ze kréien. Am Nordoste un der Insel bidde si de Mënschen, déi grad mam Boot ukomm sinn, dréche Kleedung an éischt Informatiounen un.

Am Joer 2012 huet d’ONG den Oochener Friddenspräis gewonnen. Weider Informatioune fannt Dir ënnert boderline-europe.de.

Opmaacherbild: © Julie Ricard / Unsplash

Related topics Borderline Europe, Chrëschtkaddo, Ënnerstëtzung, Feier, Flucht, Flüchtlingen, Lesbos, Merci, Moria-Aktioun, Piratepartei, Schong, Stoffmask, Strëmp, Taass
Next post Previous post