Search

You may also like

US-President mat neier Provokatioun
International Meenung Neiegkeeten

US-President mat neier Provokatioun

Mat der Fuerderung vum Donald Trump, déi europäesch Länner hätte

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire
International Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire

De Kulturministère annoncéiert de Programm vun de Lëtzebuerger op der

Ass elo Schluss mat „Parler“?
International Meenung Neiegkeeten

Ass elo Schluss mat „Parler“?

Nodeems Twitter a Facebook dem Donald Trump an enger Rei

Dramatesch Zoustänn am Moria-Lager (Kommentar)

Dramatesch Zoustänn am Moria-Lager (Kommentar)

Den 2. September gouf den éischte Coronavirus-Fall am Flüchtlingslager bekannt, de 7. September waren et 17 weider Fäll. D’Lager ass ofgerigelt, d’Pandemie ass och do! Et gëtt keen eran oder eraus. Datt de Virus elo eréischt do ass, ass schonn e klengt Wonner, wann e bedenkt, datt mir zënter Mäerz mam COVID-19 geplot sinn.

An elo? Et stellen sech vill Froen … Wien këmmert sech ëm d’Patienten? Iwwerhëlt d’Verantwortung, wann et zu enger Tragedie kënnt? Kuckt, datt näischt eskaléiert? Et kënnen dach net iwwer 20.000 Mënschen sech selwer iwwerlooss ginn? Männer, Fraen, Kanner – ganz Familljen!

Et ass e Verbrieche géint d’Mënschlechkeet. A géint de Fridden. Et ass moralesch an ethesch net richteg. Kënnen d’Politiker nach roueg schlofen a mat rengem Gewëssen an de Spigel kucken? Ech wëll jo net den Däiwel un d’Mauer molen, mä ewéi warscheinlech ass et, datt guer näischt ënnerholl gëtt? De Virus e Virwand ass, datt e sech net méi ëm d’Mënsche këmmere muss?

Schliisslech war dem Ëmgang mat de Flüchtlingen am Lager scho laang virun der Pandemie mënschenonwierdeg – iwwerfëllt an ouni hygienesch Bedéngungen. Ewéi soll dann elo evakuéiert ginn? Dat gëtt eng Katastroph, fir déi sech nach sou muncher schumme mussen.

Elo kënnt de Wanter, wien denkt dann dorunner? Ginn dës Mënschen sech selwer iwwerlooss, fir datt Europa seng Rou huet? Et stëmmt, Europa gëtt vill a Fro gestallt, mä et huet och seng gutt Säiten. Den eemolegen däitsche Kanzler Helmut Kohl huet un dës Unioun gegleeft. En huet säi Liewe laang dofir gekämpft, fir datt mir keng isoléiert Eenzelstaaten sinn. Krich sollt et net méi hei ginn.

Wa mir u Moria denken a keng Scholdgefiller hunn, sollte mir hunn dëst Zitat vum fréiere Bundeskanzler Helmut Kohl denken: „Dieses Europa darf keine Festung werden, in der wir uns vor den anderen abschotten. Es muss offen sein.“ (1991 um Parteidag vun der CDU) Dës Wierder sollte mir eis all zu Häerz huelen!

Foto : Ee Lager geduecht vir 2.800 Mënschen, et sollen der bis zu 20.000 sinn… esou genee schéngen dat nach just d‘Hëllefsorganisatioune wëssen ze wëllen. © Erik Marquardt – Member vum Europaparlament (déi Grünen)

Related topics Asyl, Covid19, EU-Asylpolitk, Flüchtlingslager, Griicheland, Moria
Next post Previous post