Search

You may also like

Wou d‘UNO verseet
Neiegkeeten

Wou d‘UNO verseet

Mat der Ukënnegung vun hirem Récktrëtt als Sonner-Ermëttlerin bei der

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn
Neiegkeeten

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn

Um Owend vum 12. Januar, géint 21:15 Auer, gouf am

Den Infobus op der Plëss: Fir all Renseignementer a Punkto ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Den Infobus op der Plëss: Fir all Renseignementer a Punkto ëffentlechen Transport

Pünktlech zur Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport am Groussherzogtum huet

Mossul: Apokalyptesch Visiounen

D'Offensiv géint den IS geet an eng entscheedend Phas

Mossul: Apokalyptesch Visiounen

Zerstéiert Gebaier, Ruinen a verloosse Gässele wou d’Läiche vun den Dschihadisten verstreet sinn. D’Alstad vu Mossul zeechent een apokalyptescht Bild. De fréieren irakesche Bijou, deem seng Quartiere lues a lues dem islamesche Staat (IS) aus den Hänn gerappt gëtt, ass net méi erëm ze erkennen.

Et ass scho fir d’drëtt an ee puer Minutten, wou de Lieutenant-Colonel Mohamed al-Tamim laanscht eng Läich vun engem Dschihadist geet. E wierdegt dësen mat kengem Bléck. De Kierper läit hallef begruewen ënnert engem Koup Iwwerreschter, vun deem wat virun Deeg nach d’Fassade vun engem Gebai am al-Farouq Quartier war.

Et ass net fir sech opzehalen. Säit e puer Deeg läit de Kierper bei 40°C op der Plaz. Ogeblosen a scho verfault bitt e kee schéint Bild, vum Geroch net ze schwätzen. Deen Onbekannten ass a voller Montur, d’Waff an der Hand, hei ëm d’Liewe komm. Ee Schicksal dat all de nach iwwregen IS-Combattanten, déi sech weiderhin an der Alstad verschanzt hunn, versprach schéngt. Laut engem Kommandant vun der Antiterroreenheet (CTS) sollen et der nach e puer Honnert sinn

Den IS gëtt Mossul net einfach esou op

D’Dschihadiste vum IS, déi sech virun dräi Joer Mossul gegraff haten, halen nach just ee Quadratkilometer vun der Alstad a si vun alle Säiten agekesselt. An der Gaass erklénge weiderhin d’Schëss aus de Gewierer, och liicht Artillerie ass ze héieren. D’Schluecht tëscht den irakeschen Truppen an den Dschihadiste geet weider.

„D’Combattante vun Daech erginn sech net“, ënnersträicht den Lieutenant-Colonel al-Tamim. „A wann se net ëmbruecht ginn, beginn se Selbstmord an deem se sech an Luucht sprengen.“ Kompaktéiert an geschmolte metallesch Massen un den Stroossenecker, dat ass wat nach iwwreg bleift vun de Gefierer, déi vun de suizidären Islamiste géint Truppe vun der irakescher Arméi agesat ginn.

Geséint vun deels Meter héijen Iwwerreschter, sinn d’Gaassen vun der Alstad net méi erëm ze erkennen. Keng Fassade, keen Dach dee vun de Kämpf verschount bliwwe wier. Eent vun de wuel eeklegste Biller, déi de Krich zeechne kann.

Iwwert d’Läichen ewech joe mir […] déi, wou dervu komm sinn

Zaldot

En Zaldot, dee un der Eruewerung vum Quartier al-Farouq deel geholl huet, ënnersträicht, wéi wichteg d’Ënnerstëtzung aus de Loft ass. D’Gaassen, fir déi schwéier gepanzert Gefierer kaum erreechbar, ginn aus der Loft bombardéiert. „Mir lokaliséiere fir unzefänken de Géigner an da ruffe mer d’Loftënnerstëtzung fir se ze eliminéieren. Da récke mir vir, mat Virsiicht. Iwwert d’Läichen ewech joe mir dann déi, wou dervu komm sinn.“

Déi urban Landschaft ass zerstéiert. Drënner an driwwer, elektresch Kabelen, Karkasse vun Autoen, deels tëscht zwee Stäck vun engem Gebai eragequëtscht, Trapenhaiser déi néirewou hiféieren… Ganz Gebaier sinn nach just ee Koup Steng, d’Faarwe vun de Geschäfter an de Gässelen si verschwonne. Vum Quartier bleift nach just eng gro Masse, deforméiert an ageniwwelt a Stëbs a Polferdamp.

Schutz vun Zivilisten am Virdergrond

Bannent den Haiser déi nach stinn, bezeit alles d’Belagerung. Wat nach u Saachen dra war läit versteet duercherneen oder ass anarchesch op ee Koup getässelt ginn, vu Kleeder, iwwert Miwwele bis hin zu Kichegeschir an Vëlo’en. Néierewou en Zivilist, net an dee Geeschterhaiser, net an de Gaassen. Just nach hei an do Decken, Spillsaachen a Kleeder, déi stomm Zeie sinn vu soss mat Liewe gefëllte Wunnberäicher.

D’irakesch Arméi verséchert, mat der gréisst méiglecher Virsiicht virzegoen, fir den dausenden Zivilisten en Iwwerliewen ze erméiglechen.

D’irakesch Arméi verséchert, mat der gréisst méiglecher Virsiicht virzegoen, fir den dausenden Zivilisten en Iwwerliewen ze erméiglechen. Laut de Secouristen op der Plaz, solle gutt d’Halschent dovunner Kanner sinn. „Déi sinn eis Prioritéit an déi hu mer gerett“, seet den Generol Abdelwahab al-Saadi, ee vun de Kommandante vun der CTS am Zesummenhang mat den evakuéierten Zivilisten, während der Eruewerung vun de Quartieren.

Iwwert Zuele vun Affer ënnert den Ziviliste seet d’Arméi net vill. Net vun deenen déi vum IS als Schutzschëld benotzt oder als Kollateralschued bei de Bombardementer an Ausenanersetzungen tëschent d’Fronte gerode sinn.

Villen Zeienaussoen no, vu Leit déi flüchten konnte, huet kaum eng Famill keen Affer ze bekloen. Verschiddener sinn vum IS ëmbruecht ginn, déi hinnen den Doud versprach haten, géifen se flüchten. Weider Zeie beriichte vu ganze Familljen déi nach a Kellere verstoppt sinn, déi deels nach vun Dschihadiste besat ginn. Vun den Autoritéiten ass matgedeelt ginn, datt et nach kéint Deeg dauere bis d’Alstad ganz befreit ass.

mat AFP

Foto: Déi irakesch Truppe récke vir, duerch d’Alstad vu Mossul. (© Ahmad al-Rubaye/AFP)

Related topics Irak, IS, Mossul
Next post Previous post