Search

You may also like

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela
Neiegkeeten

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela

Knapps datt de Sozialist Nicolas Maduro nees als President vum

Vereenten Natiounen a Geldnout
Neiegkeeten

Vereenten Natiounen a Geldnout

An engem Communiqué huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres bekannt gemaach,

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!
Neiegkeeten

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!

[onionbuzz quiz-id=124][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer erëm vill schwéier

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt

Eng nei Victoire géint den IS

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt

No néng Méint huet den islamesche Staat (IS) Mossul verluer. Et soll wuel nach eenzel Combattanten an de Ruine ginn, mee déi irakesch Truppen hunn d’Stad ageholl. Trotz allem huet den IS nach grouss Deeler vum Irak a senger Hand.

Den irakesche Premierminister Haider al-Abadi dee sengen Zaldote gratuléiert huet, wëll dann och d’Victoire eréischt proklaméiere, wann och déi läscht Dschihadiste gefaangen oder gefall sinn. „D’Victoire ass sécher an déi Läscht Dschihadisten agekesselt (…) et ass nach just eng Fro vun der Zäit iert mer dem Vollek déi grouss Victoire ukënnege kënnen“, sot hien am spéiden Nomëtteg.

Nach net d’Enn vum Kalifat

Eng vu ville Schluechten ass gewonnen. De Präis: dausenden Doudeger a Verletzter, en Exodus vun der Bevëlkerung an terribel Zerstéierunge. De „Krich“ awer ass nach net eriwwer. Den IS kontrolléiert och weiderhin nach ee grousst Gebitt an Géigenugrëff sinn ze befierchten.

Mat de Stied Tal Afar an Hawija am Norde vu Bagdad, der Wüstegebidder am Osten ass et mam IS am Irak nach net gedoen. Net ze vergiessen, datt den IS och nach wäitleefeg a Syrien opgestallt ass, och wa Raqqa agekesselt ass.

Dës Victoire ass fir all d’Iraker, net nëmme fir eis

Mohammed Jassem, Member vum Konter-Terrorismus Service

An Tëschenzäit hunn déi irakesch Zaldoten d’Landesfaarwen zu Mossul opgehaangen. „Dës Victoire ass fir all d’Iraker, net nëmme fir eis“, sot den Mohammed Jassem, Member vum Konter-Terrorismus Service (CTS).

Eng zefridde Koalitioun

De franséische President Emmanuel Macron begréisst déi wichteg Victoire. Frankräich ass en aktive Member vun der Koalitioun. „Frankräich dréckt den Truppen en Hommage aus, fir d’Contributioun zu de Befreiung“, esou den Elysee. Och de britesche Verdeedegungsminister Michael Fallon huet Bagdad seng Gléckwënsch ausgedréckt. Hie weist awer drop hin, datt nach villes ze maache bleift.

An et waren haart Kämpf, besonnesch an der Alstad. „Et war déi schwéierst vun alle Schluechten“ seet de Haithoun Mouhan Inaad, en Zaldot vun der 9. Gepanzerter Divisioun. Hie war scho bei anere Schluechten derbäi a gesäit hei eng Revanche fir Bagdad.

Traumatiséiert Zivilisten

Ënnert den honnerten Zivilisten déi all Dag aus der Stad geflücht sinn, hunn d’Journaliste vun AFP Fraen an Kanner gesinn, déi traumatiséiert an ontréichtbar waren. Esou d’Fatima, datt no véier Méint endlech nees Dagesliicht gesinn huet. Hat hat sech an engem Keller verstoppt, mat kaum z’Iessen an ze Drénken. Wéi si endlech d’Flucht ergräife konnten, ass säi Brudder vun engem Sniper ugeschoss ginn.

Eppes méi wäit, eng Mamm, d’gesicht vum Leed gezeechent. Si huet hire siwe Joer ale Bouf an engem Bombardement am Moment vun hirer Flucht verluer. „Ech konnt näischt maachen“, seet d’Fra ënner Tréinen.

Mossul war fir den IS ee Symbol. De Chef Abou Bakr al-Bagdadi hat hei 2014 säin eenzegen ëffentlechen Optrëtt. Hei war och de Kalifat ausgeruff ginn. Wat aus dem Bagdadi ginn ass, kee weess et. Hie soll bei enger Loftattack a Syrien ëm d’liewe komm sinn, esou Russland. Bestätegt ginn ass dee Fait net. Mee op Lieweg oder Doud, säin Afloss ass weider grouss an näischt deit frop hin, datt den IS sech géif erginn.

mam Emmanuel Duparq/AFP

Foto: Irakesch Poliziste maachen d’Zeeche vu der Victoire, déi se an der Alstad vu Mossul zelebréieren. (© Ahmad al-Rubaye/AFP)

Related topics Irak, IS, Mossul, Terrorismus
Next post Previous post