Search

You may also like

Schampes a Schampes ass zweeërlee
Auto Neiegkeeten

Schampes a Schampes ass zweeërlee

Am Kontext vun de Sanktiounen, Handelsstreidegkeeten an enger komplizéierter diplomatescher

Net ouni mäi Bus, an och net ouni meng Musek!
Auto Neiegkeeten

Net ouni mäi Bus, an och net ouni meng Musek!

Den OPL-Bus war erëm op musikalescher Missioun. Den 19. Juni

Fransouse protestéiere géint Sécherheetsgesetz
Auto Neiegkeeten

Fransouse protestéiere géint Sécherheetsgesetz

D‘Versammlunge géint de Gesetzprojet „Global Sécherheet“, goufen am November vu

„Fit 4 Your Bike“ – Bréng dech a Form a fir d‘Moto-Saison 2021

Zanter ee puer Joer organiséiert den Zenter fir d‘Formatioun vun de Kondukter zu Kolmer-Bierg en Training (Hallefdaags) fir d‘Motocyclisten

„Fit 4 Your Bike“ – Bréng dech a Form a fir d‘Moto-Saison 2021

Dat ganzt fënnt statt ënnert dem Slogan: „Fit 4 Your Bike“. Dës Veranstaltung steet dann och ënnert de Schiermherrschaft vum Mobilitéitsminister an gëtt vun der Police, dem CGDIS, der „Sécurité Routière“ Asbl, der Moto-Union Lëtzebuerg, de Lëtzebuerger Moto-Initiativ, der Associatioun fir d‘Verkéiersaffer, dem ACL an aus „Grënn“ vun der Good-Year an Dunlop ënnerstëtzt.

Et sinn an de leschte Jore vill Motocyclisten op eise Stroossen ëm d‘Liewe komm oder hu sech ganz schwéier blesséiert. Dat ënnersträicht wéi wichteg et ass, datt sech d‘Motocycliste mat de Geforen a Risiken ausenanersetzen an en neit Bewosstsinn entwéckelen. Si sinn dat „schwaacht Glidd“ am haitege Stroosseverkéier. Et ass also wichteg, net nëmmen d‘Gefier ze fleegen…

Wichteg ass de Formateure vum Zenter fir d‘Formatioun vun de Kondukter zu Kolmer-Bierg, datt esouwuel de Geescht wei de Kierper fir d‘Ausfaarten um Moto fit gemaach ginn. Besonnesch no enger laanger Wanterpaus, muss ee sech emol nees un déi méi konsequent Beschleunegung vum Motorrad gewinnen a sech mat den allgéigewäertege Gefore vum Stroosseverkéier ausenanersetzen.

Eng gutt Erugoensweis, ass eng defensiv a virauskuckend Fuerweis, bei där ee stänneg op dat onerwaart virbereet ass. Nach besser ass et natierlech, sech fir ee vun dësen „Trainingen“ zu Kolmer-Bierg – si fanne bal ëmmer Sonndes statt – unzemellen. Heibäi gëlle selbstverständlech all déi Oplagen déi am Kontext vun der Covid19-Pandemie vun den Autoritéite virgeschriwwe sinn.

Aschreiwen ass einfach: eng Mail un contact@cfc.lu oder den Telefon geholl an de 858 285-1 uruffen. Dës Trainingseenheete ginn op lëtzebuergesch a franséisch ofgehalen. Matmaachen ass allerdéngs net gratis, hei fält eng Tax an héicht vu 35 Euro un. Véier Datumer goufe festgeluecht:

  • Samschdeg 3. Abrëll
  • Sonndeg 11. Abrëll
  • Sonndeg 25. Abrëll
  • Sonndeg 2. Meeschter

Illustratioun: © Harley Davidson / unsplash

Related topics CFC, Fit 4 Your Bike, Fuertraining, Moto, Moto-Saison, Zenter fir d‘Formatioun vun de Kondukter
Next post Previous post