Search

You may also like

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen
Neiegkeeten

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen

Op hirem Nationalkongress zu Rolleng huet déi lénk de Bilan

surprise
Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt
Neiegkeeten

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo

D’App „Meng Loft“ presentéiert zwou nei Funktiounen
Neiegkeeten

D’App „Meng Loft“ presentéiert zwou nei Funktiounen

Virun zwee Joer ass d’Applikatioun „Meng Loft“ vun der Ëmweltverwaltung

Dyspraxie: Weder eng Behënnerung, nach eng Krankheet a scho guer keen Tabu!

Dyspraxie: Weder eng Behënnerung, nach eng Krankheet a scho guer keen Tabu!

Elo steet d’Schoulrentrée virun der Dier an do wäerte verschidden Elteren dat éischt Gespréich mat der Joffer mat engem mulmege Gefill ofwaarden. Wéi mécht d’Kand sech? Fënnt et Uschloss?

Ewéi mäi Jong an d’Primärschoul koum, hate mir nawell e ganze Koup Problemer. Dag fir Dag, Joer fir Joer. Säi Kierper wollt eben net maachen, wat e sollt. Déi motoresch Fäegkeete waren net richteg ausgebaut, wat sech beispillsweis doran geäussert huet, datt een hien all Dag huet missen drun erënneren, a wéi enge Schief hien d’Tasen oder d’Handdicher fënnt. Schreifschrëft ass ewech gefall. En drop opmierksam maachen, d’Schong de richtege Wee unzedoen. Bläistëft a Gummie ware méi séier verluer, ewéi mir der kafe konnten.

Et huet eise ganzen Alldag beschränkt. A leider huet d’Léierpersonal keng grouss Hëllef geleescht. “Hien ass einfach liddereg an domm. Huet kee Bock”, huet et hirersäits geheescht.

E groussen Tollpatsch war en och. Dee Moment ass et mam Mobbing ugaangen. Et war kee Liewen, fir sou e sensibelen, empathesche Jong. En huet dacks gekrasch, e géif dach säi Bescht maachen. Mir ware wuel all mat der Situatioun iwwerfuerdert …

Vum Schoulmeeschter koum keng grouss Hëllef. D’Ausso, datt wa mäi Jong sech besser géif upassen, en net gemobbt géif ginn, war nawell eng Frechheet.

Schliisslech hu mir een Dys+ Service fonnt a sinn eescht geholl ginn. Endlech! No engem uerdentlechen Diagnostik gouf dunn Dyspraxie (gëtt gäre mat Asperger verwiesselt) festgestallt. Dobäi wëll de Kierper dacks net maachen, wat de Kapp ëm seet. Leider gëtt et dacks ze spéit erkannt.

Dono si mir dunn reegelméisseg an de Service gaangen. Mäi Bouf, an ech och, krute vill Tipps a Rotschléi, déi eis den Alldag erliichtert an nohalteg verbessert hunn.

Denkt drun, datt et net ass fir sech ze schummen, wann een Hëllef ufreet. Elo, mat sengem 18 Joer ass bal näischt méi vun der Dyspraxie ze mierken. Hien huet dës Erausfuerderung gutt gemeeschtert.

(Dëst ass eng Initiative vun der FONDATION DU GRAND-DUC ET DE LA GRANDE-DUCHESSE – onse Prënz Louis ass nämlech dys-positiv. Eis Groussherzogin engagéiert sech och immens an dësem Beräich. Et ass nämlech keng Krankheet oder Behënnerung, dësen Tabu muss gebrach ginn)

© Marko Blazevic / Unsplash

Related topics Asperger, Autismus, Behënnerung, Dyspraxie, Erausfuerderung, Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, Hëllef, Krankheet, Léierpersonal, motoresch Fäegkeeten, Motorik, Prënz Louis, Schoul, Verständnis
Next post Previous post