Search

You may also like

money
Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro
Neiegkeeten Sport

Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro

Datt déi vun der Wirtschaft geleete Politik och a Krisenzäiten

Impfstrategie a mental Gesondheet: Echange mat de Sozialpartner
Neiegkeeten Sport

Impfstrategie a mental Gesondheet: Echange mat de Sozialpartner

Bei der Videokonferenz vu gëschter hunn d’Sozialpartner vum OGBL, LCGB,

Orkan Harvey: en Tëschebilan
Neiegkeeten Sport

Orkan Harvey: en Tëschebilan

Den Orkan Harvey hällt d’Mënschen am Otem. Mir zéien e

MoveWeCarry: Einfach a gratis d’Gepäck transportéiere loossen

MoveWeCarry: Einfach a gratis d’Gepäck transportéiere loossen

Zënter dem 23. Juni 2020 kann ee vum neie Service MoveWeCarry profitéieren bei deem et reesende Cyclisten oder Wanderer erméiglecht gëtt, hiert Gepäck bei dat nächst Etappenzil transportéieren ze loossen, sou datt si Lëtzebuerg ouni schwéier Laascht um Réck entdecke kënnen.

Op zu Fouss oder op zwee Rieder ënnerwee, reservéiert een den neie Service, da steet d’Gepäck um 16:00 Auer bei der nächster Etapp prett. Et sollt een awer drun denken an der Herberg, dem Hotel, um Camping, der Jugendherberg, respektiv der Gitte ze reservéieren. Privatadressen sinn ausgeschloss, ausser déi lescht Etapp ass d’Doheem, respektiv dass ee vun Doheem aus start.

Fir d’Gepäck entgéint ze huele muss wéinstens eng Persoun physesch present sinn. Si gëtt op der Plaz vum Depart, wéi och bei der Destinatioun per Telefon kontaktéiert.

Reservatioune kënnen zu all Ament op www.movewecarry.lu oder per Telefon (28 10 888) gemaach ginn, mussen awer bis Mëtternuecht agaange sinn, fir den Dag drop vum Transport profitéieren ze kënnen. D’Internetsäit ass op Franséisch, Englesch, Däitsch an Hollännesch verfügbar, d’Agenten um Büro schwätzen awer och Lëtzebuergesch, Spuenesch, Italienesch a Portugisesch. D’Reservatioun muss vun der Persoun selwer, oder och dem Hebergement, respektiv dem Reesagent gemaach ginn.

Am Kader vu „Restart Tourism“ ass de Service bis Enn dës Jores gratis. Den Tourismusminister Lex Delles ënnersträicht, datt een d’Vakanz zu Lëtzebuerg mat verschidde Mëttel esou attraktiv, angenehm a villsäiteg wéi méiglech wëll gestalten. Virun allem déi eege Féiss, respektiv de Vëlo bidde sech besonnesch gutt un, fir déi 5 Regioune vum Land ze entdecken.

Related topics cyclisme, Gepäck, Lex Delles, MoveWeCarry, Restart tourism, Tourismus, Transport, Valis, Vëlo, Vëlosummer, Waliss, Wanderen
Next post Previous post