Search

You may also like

Mir sinn dach all bësse futti?!
Neiegkeeten

Mir sinn dach all bësse futti?!

No neie Statistike vun Eurostat ass all 4.Persoun, ab dem

De Macron muss seng Rentereform ëmsetzen
Neiegkeeten

De Macron muss seng Rentereform ëmsetzen

Déi vum franséische President Emmanuel Macron initiéiert an vum Premierminister

D’Routkäppchen besicht den Troflion (24.01.2021)
Neiegkeeten

D’Routkäppchen besicht den Troflion (24.01.2021)

E Sonndeg, de 24. Januar 2021 um 15 Auer presentéiert den

MS Princesse Marie-Astrid: Symbol vun der Geschicht an de Wäerter vun Europa

MS Princesse Marie-Astrid: Symbol vun der Geschicht an de Wäerter vun Europa

Et war en historesche Moment – Um 14. Juni 1985 ass den éischten Deel vum Schengener Accord op der „MS Princesse Marie-Astrid“ ënnerschriwwe ginn. Zënterhier gëllen dat Lëtzebuerger Duerf an dat beléifte Schëff als Symbol vum Ewechfale vun de Grenzen, engem gemeinsame Bannemaart an de Wäerter vun Europa. Ma, 2025 soll d’Schëff eng fest touristesch Attraktioun vun der Gemeng Schengen sinn, deen d’Erënnerung un d’Vergaangenheet oprecht hält.

Säit e puer Joer dréit déi fréier „MS Princesse Marie-Astrid“ den Numm „MS Regensburg“ an dréit als Exkursiounsschëff seng Ronnen op der Donau. Als Deel vun der Lëtzebuerger an europäescher Geschicht gouf si zeréckkaaft a wäert an een Uert vun der Renconter transforméiert ginn.

MS Princesse Marie-Astrid
© Lex Delles / Facebook

Bei der Presentatioun huet den Tourismusminister Lex Delles erkläert: „Et läit mir um Häerzen den Erënnerungstourismus ze entwéckelen an esou d’Bewosstsinn fir déi gemeinsam Geschicht an d’Wäerter vun Europa ze stäerken. D’Acquisitioun an d’Transformatioun hin zu enger Plaz vun der Renconter vun dësem Schëff, op deem de Schengener Accord ënnerschriwwe ginn ass, spillt eng wichteg Roll an dësem Kontext.“

Den Tourismus an d’Geschicht vereenen

A punkto Erënnerungsaarbecht baséiert d’Regierung sech op 3 Achsen: D’Erënnerung u weltwäit Konflikter vum 20. Joerhonnert, den industrielle Patrimoine an d’Konstruktioun vum europäesche Projet. Ma, virun allem d’Konflikter vun der Vergaangenheet hunn zur Iddi vun Europa bäigedroen – Solidaritéit a Fridden, wéi och ee gemeinsame Wirtschaftsmaart mat Basis op Kuel a Stol goufe gefuerdert.

MS Princesse Marie-Astrid
© Lex Delles / Facebook

Déi ëmgebauten „MS Princesse Marie-Astrid“ wäert Plaz fir eng Ausstellung bidden a kënnen un aner Aktivitéiten, kulturell Initiativen a Performancen ugepasst ginn. An der Géigend vum Schengener Europamusée kann een dëst Stéck Geschicht dann an e puer Joer besichtegen. D’Käschte leien iwwregens bei 5,81 Milliounen Euro.

Houfreg iwwert de Retour vum Schëff a senger geplangter Transformatioun weist sech och de Michel Gloden, Buergermeeschter vun der Gemeng Schengen. Als weider Attraktioun am Duerf, dat de Label vum europäesche Patrimoine dréit, ginn Tourismus an d’Geschicht vun Europa vereent, an dat och nach an de Raimlechkeete mat besonneschem Symbolcharakter.

Opmaacherfoto: Entente Moselle

Related topics Bannemaart, Europa, Europamusée, Expo, gemeinsam Wäerter, Gemeng Schengen, Lex Delles, Michel Gloden, MS Princesse Marie-Astrid, Schengener Ofkommes, Symbol, Tourismusminister
Next post Previous post