Search

You may also like

Sträit ëm d‘Äerdgasquellen am Mëttelmier
International Neiegkeeten

Sträit ëm d‘Äerdgasquellen am Mëttelmier

Wéinst den tierkesche Fuerschungen am orientalesche Mëttelmier huet d‘EU der

De Rassismus als Aktualitéitsstonn an der Chamber
International Neiegkeeten

De Rassismus als Aktualitéitsstonn an der Chamber

Rassismus ass eppes wat och an eiser Gesellschaft omnipresent ass.

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot
International Neiegkeeten

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot

Den Dieselskandal, dee wéinst dem Gefuddels bei VW fir grouss

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen

An de jemenitesche Provënzen Amran, Hadscha, Ibb an Tais erkranken ëmmer méi Mënschen u Cholera. D’Dokteren ouni Grenzen hunn dofir d’Cholera-Projeten a weider Provënzen am Land ausgedeent. Besonnesch d’Waasser- a Sanitärversuergung muss verbessert ginn, sou datt eng Ausbreedung vun der schwéierer Duerchfallerkrankung am ganze Land verhënnert ka ginn. No véier Joer Krich ass den Drock op d’Gesondheetsstruktur am Jemen enorm. Vill Mënschen hu keen Zougang zu medezinescher Versuergung, wëll ee sech op déi wéineg nach funktionéierend Spidoler beschränke muss.

Tëscht dem 1. Januar an dem 26. Mäerz 2019 hunn d’Dokteren ouni Grenzen 7.938 Mënsche mat Verdacht op d’Krankheet an d’Gesondheetsariichtungen an de genannte Provënzen opgeholl. D’Halschent vun hinnen ass aus Ibb komm. Am selwechten Zäitraum ass d’Zuel vun de Patienten, déi vun den Dokteren ouni Grenze behandelt ginn, vun 140 op 2000 pro Woch geklommen.

„Cholera gëllt als endemesch am Jemen, mee d’Hausse vun de Fäll ass beonrouegend, wëll d’Reenzäit, déi d’Gesamtsituatioun verschlechtere kéint, nach net emol ugefaangen huet“, sou den Hassan Boucenine, Landescoordinateur vun den Dokteren ouni Grenzen am Jemen. An de Joren 2016 an 2017 gouf et am Land zwee schwéier Ausbréch vu Cholera. Obwuel een se schnell ënnert Kontroll brénge konnt, hunn d’Gesondheetsautoritéiten a medezinesch Organisatiounen a bal alle Provënze vum Land weider Fäll vun der Krankheet beobacht.

„D’Teams vun Dokteren ouni Grenzen hunn a Khamer ee Cholera-Behandlungszentrum mat 50 Better opgemaach, d’Bettekapassitéit vum Cholera-Behandlungszentrum zu Tais erhéicht, sou wéi d’Zentren zu Ibb a Kilo ënnerstëtzt“, seet de Boucenine. „D’Dokteren ouni Grenzen hëllefen zu Huth, an der Provënz Amran, an engem Gesondheetszentrum bei der medezinescher Versuergung. Den Ausbau vun der Waasserversuergung an d’Ofwaasserentsuergung ass och Prioritéit, wëll si fir d’Bekämpfung vu Cholera net ewech ze denke sinn.“

Zu Sanaa renovéiere Mataarbechter vun den Dokteren ouni Grenzen ee Beräich vun der Klinik Al Kuwait. Och hei soll ee Cholera-Behandlungszentrum entsoen. Donieft hu si 30.000 Liter Ringer-Laktatléisung fir Infusiounen op Sanaa geliwwert. Dës Léisung gëtt bei dehydratéierte Patiente genotzt.

Opmaacherfoto: Am Spidol Al Thawra zu Qaeda mussen d’Dokteren ouni Grenzen och schonn déi Klengst medezinesch versuergen © MSF

Related topics Cholera, Dokteren ouni Grenzen, Hëllef, Jemen, Krankheet, MSF
Next post Previous post