Search

You may also like

money
Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss
International Neiegkeeten

Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss

Mat grousser Opmierksamkeet gëtt de Virstouss vun Italien, sech un

Harcèlement am Hubert Clement: „Präzisiounen“
International Neiegkeeten

Harcèlement am Hubert Clement: „Präzisiounen“

Nodeems en Dënschdeg bekannt gouf, datt ee Léierbeoptraagten (Chargé) am

Greenpeace vs Schneider: d‘Justiz krut d‘Wuert
International Neiegkeeten

Greenpeace vs Schneider: d‘Justiz krut d‘Wuert

Am August hat d‘ONG Greenpeace dem Sozialminister Romain Schneider (LSAP)

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar mindestens 6.700 Rohingyas bei Ugrëff an ethnesche Säuberungen ëmbruecht gi sinn.

Aus den Etüden déi MSF an de Lager vun de Refugiéeën am Bangladesch gemaach huet, geet ervir, datt am Staat Rakhine (Myanmar) tëscht den 24. August an dem 25. September, bis zu 9.000 Rohingyas verstuerwe sinn. Bedenkt een hei, datt fir 71,7 % vun den Doudesfäll, Gewalt d‘Ursaach ass, esou si mindestens 6.700 Rohingyas ermuert ginn. Heirënner dann och mindestens 730 Kanner ënner fënnef Joer.

D‘Resultater vun de Studie schwätzen dann och eng däitlech Sprooch: d‘Rohingyas waren dat erkläerten Zil vun der Gewalt déi de 25. August ausgebrach ass. Deemools hunn déi burmesesch Arméi, d‘Police a lokal Milizen déi sougenannten „Operatioun zur Evakuatioun“ lancéiert. Dat als Äntwert op Attacke vun enger Rohingya-Miliz aus Arakan. Zanterhier sinn iwwer 647.000 Rohingyas an de Bangladesch geflücht.

„Mir si Leit begéint déi der Gewalt am Myanmar konnten dervu lafen an hunn mat hinne geschwat“ erkläert den Dr. Sidney Wong, medezineschen Direkter vun MSF. „Déi Mënschen hunn elo Schutz, an engem vun den Iwwerfëllten an knaschtege Lager am Bangladesch fonnt. Mee wat mir erausfonnt hunn ass schrecklech. Dat bezitt sech esouwuel op d‘Zuel vun de Mënschen déi uginn hunn, datt ee vun der Famill ëmbruecht ginn ass, wéi och op d‘Aart a Weis wéi d‘Affer an den Dout gefouert goufen“.

Zuele schwätzen eng däitlech Sprooch

Den „Héichpunkt vun de Virfäll“ fält däitlech an den Zäitraum wou déi „Operatioun zur Evakuatioun“ duerchgefouert ginn ass. Also an déi lescht Augustwoch.

Ufank November huet MSF sechs Etüden zu der Mortalitéit an verschidden Deeler vum Lager fir Refugiéeën am Distrikt vu Cox‘s Bazar am Bangladesch gemaach. Dat ass direkt géinteniwwer der Grenz vum Myanmar. D‘Gesamtpopulatioun déi an der Studien-Zon gelieft huet zielt 608.108 Persounen. Heivunner sinn der 503.698 nom 25. August aus dem Myanmar geflücht, dovunner 100.464 Kanner vu manner wéi fënnef Joer.

Den Taux vun der Mortalitéit tëscht dem 25. August an dem 24. September, unhand de Familljen déi vun der Etüd berécksiichtegt gi sinn, läit bei 8/10.000. Dat entsprécht dem Ofliewe vun 2,6% (tëscht 1,87 an 2,73%) vum Populatiounsechantillon. Wann een dësen Taux op déi gesamt Populatioun, déi zanter dem 25. August an de Lager – déi vun der Etüd ofgedeckt goufen – uwennt, da muss ee feststellen, dat tëscht 9.425 a 13.759 Rohingyas an den 31 Deeg vu blanner Gewalt ëmbruecht gi sinn. Heirënner op mannst 1.000 Kanner vu manner wéi fënnef Joer.

Aus dësen Etüde geet dann och ervir, datt mindestens 71,7% vun de Stierffäll dem uwenne vu Gewalt geschëlt sinn. E Prozentsaz deen och fir d‘Stierffäll vun de Kanner ënner fënnef Joer ugeholl muss ginn. Global sinn 69% vun de Stierffäll op Schossverletzungen zréckzeféieren. 9% op déidlech Verbrennungen, a 5% vun den Affer wieren einfach „doutgeschloe“ ginn. Och bei de Kanner, sinn 59% u Schossverletzunge gestuerwe, 15% si lieweg verbrannt ginn, 7% goufen doutgeschloen an 2% sinn duerch Minnen ëm d‘Liewe komm.

Et ass bis heihinner just eng Iwwersiicht

„D‘Zuel vun de Stierffäll ass mat zimlecher Sécherheet ënnerbewäert, well mir net all d‘Lager vu Refugiéeën am Bangladesch konnten an d‘Etüd abezéien. Och sinn an der Etüd, net déi Famillje berécksiichtegt ginn, déi ni aus dem Myanmar konnte flüchten“, esou den Dr. Sydney Wong. „Mir hunn awer Berichter, unhand deene festzestellen ass, datt ganz Familljen ëmbruecht gi sinn, an deem ee se an hir Häipe gespaart goufen, an déi uschléissend a Brand gestach ginn ass“.

„Aktuell flüchten nach ëmmer Leit aus dem Myanmar a Richtung Bangladesch. Deene wou et geléngt maachen all déi selwecht Ausso: se wieren Affer vu Gewalt ginn, dat iwwert déi ganz lescht Wochen“, füügt den Dr. Sydney Wong bäi. „Well nëmme ganz wéineg ONGen an den Distrikt vu Maungdaw (am Staat Rakhine) erakommen, muss ee fir d‘Liewe vun de Rohingya, déi nach do sinn, fäerten“.

Als Konsequenz gesäit MSF d‘Ënnerschrëft fir en Accord iwwert eng Réckféierung als verfréit. Et kéint net sinn, datt een ënnert den aktuellen Ëmstänn d‘Refugiéeën an de Myanmar zréck bréngt, ouni datt et entspriechend Garantië gëtt, déi d‘Rechter vun de Rohingyas berécksiichtegt. Garantien allerdéngs sollt ee sech vun der burmesescher Arméi keng erwaarden. A wéi wäit d‘Aung Suu Kyi – déi kee Wuert iwwert d‘Gewalt géintiwwer de Rohingyas verluer huet – Afloss huet fir dëse Mënschen e séchert Liewen ze garantéieren, ass och net gewosst.

Foto: D‘Kanner an d‘Frae sinn déi éischt Affer vun der ethnescher Säuberung, déi vun der burmesescher Arméi, der Police a lokal Milizen duerchgefouert ginn. © Romeo Gacad/AFP

Related topics Bangladesch, MSF, Myanmar, Rohingyas
Next post Previous post