Search

You may also like

Projet „Gravity“: Den éischte Stee fir bezuelbare Wunnraum
International Neiegkeeten

Projet „Gravity“: Den éischte Stee fir bezuelbare Wunnraum

Elo ass d’Gemeng Déifferdeng selwer zum Promoteur ginn. Et verfollegt

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)
International Neiegkeeten

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)

Mir sinn schonn a gewësse Moossen eng „Spaassgesellschaft“ mee et

International Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Beaufort Knights Gesiichtsmasken

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?

Zäit sech enger Propagandaligen unzehuelen

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?

Wéi et Enn Februar op der Grenz tëscht Kolumbien a Venezuela zu „Provokatioune“ komm war, waren eng Rei mat Hëllefsgidder beluede Camionen a Brand geroden. Vill System-Medien haten sech sengerzäit hannert d‘Regimegéigner vum Juan Guaido gestallt, an Behaaptung verbreet, et wiere Regierungsunhänger gewiescht déi d‘Feier geluecht hätten.

Caracas

moien.lu konnt déi Behaaptung sengerzäit net stëtzen, an d‘Recherche vun de Kollege vun der New York Times, bestätegen dës Zweiwel. Esou ass et richteg – woubäi d‘Moossnamen ugekënnegt waren – datt déi venezuelanesch Nationalgard de Grenziwwergang op der Bréck Francisco de Paula Santander gespaart hat a mat Gummiskugelen an Tréinegas géint d‘Demonstrante virgaangen ass.

Venezuela

D‘Demonstrante waren hirersäits mat Steng a Molotowcocktaile géint d‘Zaldote virgaangen. Vill Mënsche sinn heibäi verletzt ginn an am Gewulls sinn dräi vun de véier Camionen a Brand geroden. Déi Schëlleg haten d‘Journalisten an d‘Agencen op der Plaz séier erkannt: déi venezuelanesch Police soll d‘Camione mat den Hëllefsgidder aus Kolumbien a Brand gestach hunn.

Si ware sech eens…

Bedauerlech aus eiser Siicht datt esou renomméiert Agence wéi AFP („Op der Santander-Bréck zu Urena sinn zwee Camione vum Maduro sengen Truppen a Brand gestach ginn“) oder AP („Aenzeien hu bericht, Nationalgardisten hätten eng Baatsch, déi d‘Këschte mat den Hëllefsgidder bedeckt huet, mat Bensin iwwergoss an a Brand gestach“) sech manipuléiere gelooss hunn.

Venezuela

Elo ass dëse Virfall vun de Kollege vun der New York Times nach emol ënnersicht ginn, an den 10. Mäerz hu si nei Fakte virgeluecht, déi e ganz anert Bild vun der „Provokatioun“ zeechnen. Esou gëtt et Videomaterial, an deem ze gesinn ass, wéi eng „Fatz“ vun engem Molotowcocktail net a Richtung vun der Nationalgard flitt, mee op e Camion „fält“. Kuerz drop steet alles a Flamen…

Zur selwechter Conclusioun ass och „Bellingcat“ (eng online Investigatiounsplattform) komm, an awer bleiwen d‘Journaliste bei hirer Versioun. Een erkläert, datt d‘Camionen duerch d‘Kartusche vun den Tréingasgeschosser an Brand gerode wieren, well déi „gliddeg“ gewiescht wieren. Anerer behaapten, datt d‘Camione a Brand gestanen hunn, iert Molotowcocktailer geworf goufen.

Related topics Bellingcat, Fake News, New York Times, Regimewiessel, Venezuela
Next post Previous post