Search

You may also like

Weltwaasserdag 2021: Wat bedeit Waasser fir dech?
Neiegkeeten

Weltwaasserdag 2021: Wat bedeit Waasser fir dech?

Säit dem Joer 1993 gëtt um Weltwaasserdag de Fokus op

surprise
D‘EU-Kommissioun ass nees knatscheg mat eis
Neiegkeeten

D‘EU-Kommissioun ass nees knatscheg mat eis

Wärend esou Länner wéi Ungarn a Polen wéinst hirer Ofnäipung

money
Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur
Neiegkeeten

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

Multimodalitéit fir jiddereen

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg, Luxtram, Adapth, Info-Handicap, d‘Blannevereenegung an de Verkéiersbond, leschte Mëttwoch de groussen Event „Multimodalitéit fir jiddereen“ organiséiert.

An dësem Kontext gouf et e Parcours: Zuch – Funiculaire – Tram – Bus, deen zesumme mat Mënsche mat begrenzter Mobilitéit an Mënsche mat schlechter Siicht, organiséiert ginn ass. Sënn an Zweck heivunner: de Public fir d‘Multimodalitéit fir jiddereen ze sensibiliséieren.

Multimodalitéit

© CFL

E Rollibus, dee vum „Service des Autobus de la Ville de Luxembourg“ um Parvis vun der Gar ausgestallt ginn ass, wéi och eng ganz Rei Stänn an der Gar, hunn de Visiteuren erlaabt sech iwwert déi verschidde Sujeten ze informéieren, déi Persoune mat spezifesche Besoinen interesséieren.

Hei beispillsweis de Stand vun „Info-Handicap“, deen zesumme mat Adapth an der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung opgestallt ginn ass. Et gouf Informatiounen, Orientatiounen an et ass een zum Thema „Design 4 all“ sensibiliséiert ginn.

Multimodalitéit

© CFL

Och de Service „Integratioun an spezifesch Besoinen“ vun der Stad Lëtzebuerg, zesumme mat de Kollege vum Bus-Service, hunn den interesséierte Public iwwert déi verschidden Offeren an der Stad informéiert. Si hunn och de ville Froe Ried an Äntwert gestanen.

Et ass net wéi wann näischt géif gemaach ginn

Am Kader vum europäesche Konzept „Design 4 all“ ënnersträicht d‘CFL, datt een däitlech gewëllt ass, e Service unzebidden, vun deem all Mënsch profitéiere kann. Och d‘Mënsche mat spezifesche Besoinen. Beim Event „Multimodalitéit fir jiddereen“ hunn si hir verschidde Projete virgestallt.

Multimodalitéit

© CFL

Den ëffentlechen Transport muss fir jiddereen zougänglech sinn. Aus dësem Grond, investéieren d‘CFL vill an d‘Entwécklung vun den Infrastrukturen an den Zich, esou datt och wierklech jiddereen déi benotze kann. Dofir gëtt sech och reegelméisseg mat den Acteuren ofgeschwat.

Op internationalem Niveau, huet sech d‘CFL dem Aarbechtsgrupp „Passage“ ugeschloss. „Passage“ ass vun der Internationaler Eisebunnsvereenegung (UIC) an d‘Liewe geruff ginn, an huet sech d‘Missioun ginn, d‘Reese jidderengem zougänglech ze maachen.

Multimodalitéit

© CFL

D‘Stad Lëtzebuerg ass sech senger Verantwortung géintiwwer de Persoune mat spezifesche Besoine bewosst, a fërdert de Projet „Design 4 all“. An dësem Kontext huet d‘Gemeng e sëlleche Mesuren ausgeschafft, an Infrastrukturen ageriicht, déi dëse Mënsche méi Beweegungsfräiheet garantéiert.

Related topics CFL, Mobilitéitswoch, Multimodalitéit, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post