Search

You may also like

No Bezéiungsdrama: Police sicht no méiglechen Zeien
Kultur Neiegkeeten

No Bezéiungsdrama: Police sicht no méiglechen Zeien

Zu Wolz ass et um 2. Januar um 15.10 Auer

Brasilien kritt d‘Pandemie net an de Grëff
Kultur Neiegkeeten

Brasilien kritt d‘Pandemie net an de Grëff

Laut offiziellen Erhiewunge liewen eng 13 Millioune Mënschen an de

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel
Kultur Neiegkeeten

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Et gi wéineg Nimm, déi so grouss an nohalteg kléngen

Rotondes: Den zweete Rendez-Vous vum Multiplica Festival

Rotondes: Den zweete Rendez-Vous vum Multiplica Festival

Nodeems den éischte Weekend vum Multiplica Festival e spannenden Ufank vun engem Evenement, dat sech iwwert e puer Méint op artistesch Manéier mat de verschiddenste Beräicher vun der digitaler Technologie, hirer Notzung an der Konscht an och an der Gesellschaft auserneen setzt, gebueden huet, dierf ee sech elo op den zweete Weekend freeën.

Um Programm stinn eng Projektioun, e Concert an en Atelier. Dës wäerten um 16. a 17. Abrëll an de Rotondes organiséiert ginn. Weider Detailer kommen elo:

Freides, de 16. Abrëll 2021 um 21:00 Auer
FABRIZIO RAT− LIVE A/V AVEC KASPAR RAVEL
Shades of Blue
Stil: Audiovisuelle Concert
Virverkaf: ≤26: 8€ / >26: 12€, Oweskeess: ≤26: 10€ / >26: 15€
https://www.multiplica.lu/shades-of-blue

Samschdes, de 17. Abrëll vu 14:00 bis 16:00 Auer (komplett)
EDIT-A-THON : RENDRE WIKIPÉDIA PLUS FÉMINISTE ET PLUS QUEER
A Kollaboratioun mat CID | Fraen an Gender & Pink Ladies − Queer Women Luxembourg, an der Ënnerstëtzung vum Centre LGBTIQ+ CIGALE a.s.b.l.
Stil: Atelier
https://www.multiplica.lu/edit-a-thon-2

Samschdes, de 17. Abrëll 2021 um 19:30 Auer
CODED BIAS – LES ALGORITHMES ONT-ILS DES PRÉJUGÉS?
E Film vum Shalini Kantayya
Gratis Entrée, d’Inscriptioun ass obligatoresch
Op Englesch mat franséischem Ënnertitel
Um 21:00 Auer gëtt nach en AfterTalk, zesumme mam Journalist Joël Adami an der Ëffentlechkeet gebueden
Stil: Projektioun an Diskussioun
https://www.multiplica.lu/coded-bias

Weider Informatioune fannt Dir bei de Rotondes an op der Säit vum Multiplica Festival.

Related topics Atelier, Coded Bias, Concert, digital Konscht, Edit-a-Thon, Evenement, Fabrizio Rat, Festival, Multiplica, Projektioun, Rotondes
Next post Previous post