Search

You may also like

Israel huet ugefaangen déi Jonk ze impfen
Kultur Neiegkeeten

Israel huet ugefaangen déi Jonk ze impfen

Israelitte streiden sech gären, oft och iwwert onwichteg Themen. Bei

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?
Kultur Neiegkeeten

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?

Um Amazonas-Sommet am kolumbianesche Leticia hu sech siwe Länner an

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn
Kultur Neiegkeeten

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn

Wat den Een als Dreck ugesäit, ka sech fir een

Multiplica – E Réckbléck op de Weekend #1

Vum 26. bis den 28. Februar 2021 huet den éischte vu 4 Weekender vum Multiplica an de Rotondes stattfonnt. Bei dëser drëtter Editioun vum Festival vun de virtuelle Kënscht a Realitéiten huet d’Ekipp ee Programm op d’Been gestalt, deen trotz Pandemie nach méi Engagement beweist. Mat sengen Installatiounen, Renconteren a Concerte krut de Spectateur virun allem d’Méiglechkeet, e kritesche Bléck op déi digital Welt ze woen.

D’Digitaliséierung hëlt schliisslech ëmmer méi e groussen Deel vun eisem Alldag an. Weltwäit stinn duerch den Internet Informatiounen am Iwwerfloss zur Verfügung. Et ass schwéier tëscht richteg a falsch ze ënnerscheeden. Och am Beräich vun de Soziale Medien, wou et gëllt mat méiglechst ville Follower a Likes ze iwwerzeegen, gi Kritik um System an ethesch Bedenken Hand an Hand mat all Aktioun. An da sinn do nach déi ekologesch Aspekter. Iergendwou muss de Stroum jo hierkommen….

E Symbol vun der ekologescher Kris

Mat der Digitaliséierung klëmmt och de Besoin no Stroum. Nach ëmmer gëtt dës Ressource haaptsächlech duerch Brennstoffer, wéi Gas, Ueleg oder Kuel gewonnen.

Mat senger audiovisueller Installatioun „La Forêt de Hambach et le Sublime Technologique“ huet de Joanie Lemercier op 2 groussen Ecranen en ästhetesche Schock a Biller gefaasst. Fir de franséischen Artist representéiert den Hambacher Forst eis ekologesch Kris: D’Natur gëtt muttwëlleg zerstéiert an ausgebeut, fir dass mat der Kueleminn Stroum produzéiert ka ginn.

Multiplica
© Shari Pleimelding/moien.lu

A verschidde Kapitelen, ugefaange mat der eigentlecher Schéinheet vun der Natur, erzielt hien eleng mat Videoausschnëtter an dozou passende musikaleschen Elementer, wat et heescht, wann e ganzt Duerf an de Bësch dem Kapitalismus weeche mussen.

Am Juni 2019 waren et ëm 6.000 Aktiviste vun „Ende Gelände“, déi fir 2 Deeg d’Minn blockéiert hunn. Si fuerderen en Enn vun dëser destruktiver an onekologscher Aart a Weis. Mëttlerweil sinn nach knapp 10% vum Hambacher Forst iwwereg. D’Enn vum Kueleofbau soll eréischt 2038 kommen.

Iwwert seng schockéierend Konscht ass de Joanie Lemercier selwer zum Aktivist ginn. Mee net am eigentleche Sënn: Wärend hien d’Aktivisten an d’Zerstéierung vun der Natur per Video festhält, dréit hien de Message no baussen a weist hautno, wéi knaschteg an hannerhälteg d’Konsequenze vun der Digitaliséierung an der Stroumgewënnung sinn.

Vill Follower, mee näischt dohannert – ass dat wierklech vertrietbar?

Den Dries Depoorter huet mat senger „Get Popular Vending Machine“ – engem Automat, iwwert deen ee Louse kafe kann – d’Welt vun de soziale Medien op eng witzeg Aart a Weis hannerfrot. Generell beschäftegt hie sech gäre mam Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz, der Iwwerwaachung an der Privatsphär am Internet.

Um leschte Februarsweekend krut een esou an de Rotondes d’Méiglechkeet, mat engem Lous fir 1€ bis zu 25.000 Follower fir Instagram oder Twitter ze gewannen. Mee ass dat wierklech een ethesch korrekte Präis? Schliisslech bestätegen déi Follower net den tatsächlechen Erfolleg vun engem Account, a presentéiere just eng Zuel déi op den éischte Bléck beandrockend wierkt. Dohannert stécht keng wierklech Leeschtung.

Multiplica
© Shari Pleimelding/moien.lu

Dem belschen Artist seng Installatioun weist, wéi einfach et ka sinn, Follower „ze kafen“, hannert deene meeschtens sougenannt Bots stiechen, amplaz eng tatsächlech vum Produit, Service oder Beitrag iwwerzeegt a begeeschter Persoun. Ma, den Dries Depoorter huet awer missen zouginn, dass déi sozial Medien et engem ëmmer méi schwéier maachen, Fake-Profiller unzeleeën.

Hutt oder hätt Dir d’Méiglechkeet genotzt?

Esou einfach kann et goen

Just een Zëmmer weider huet hie mat „24h Sunrise / Sunset“ an Echtzäit ‘Sonnenopgäng an -ënnergäng op der ganzer Welt op Ecrane gewisen. Gläichzäiteg huet eng Maschinn ugewisen, wou an zu wéi enger Auerzäit grad gefilmt gëtt.

Ma, dofir huet den Dries Depoorter allerdéngs keng Persounen op d’Plaz geschéckt fir ze filmen, mee en huet sech an ongeséchert Iwwerwaachungskameraen ageschleust. Do kënnt natierlech d’Fro op, ob dës Aktioun wierklech legal ass. D’Äntwert? – Jee (esou wier dach déi Lëtzebuergesch Form vu „Jein“, oder?).

Multiplica
© Shari Pleimelding/moien.lu

Den Artist erkläert, dass hie kee wierklechen Hacker ass an ee mat e puer einfachen Handgrëffer an en ongesécherte System andrénge kann. Op der enger Säit mécht hien esou op de Schutz vun der Privatsphär an déi nach ëmmer schlecht protegéiert Systemer opmierksam.

Dës weidere stoungen déi audiovisuell Concerten „The Arrival – live A/V“ vum Frieder Nagel a Maotik, sou wéi „subassemblies“ vum Ryoichi Kurokawa um Programm. Dobäi koumen eng Table Ronde an en Online-Atelier.

Schonn elo invitéiert de Multiplica op säin nächste Rendez-vous vum 16. bis den 18. Abrëll 2021. Weiderhi wäert gewise gi, wat duerch d’Technologie méiglech ass. De geneeë Plang gëtt eréischt kuerz virum entspriechende Weekend verëffentlecht – loosst Iech also iwwerraschen!

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding

Related topics Dries Depoorter, Festival, Follower, Get Popular Vending Machine, Hambacher Forst, Joanie Lemercier, Kammeraiwwerwaachung, Konscht, Kueleminn, Multiplica, Rotondes, Sécherheet, Sozial Medien, Sublime Technologique, virtuell Realitéit, Zerstéierung
Next post Previous post