Search

You may also like

What the Fakt – D’Milla Jovovich huet Gebuertsdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Milla Jovovich huet Gebuertsdag!

Déi meescht vun eis kennen déi russesch Schauspillerin aus Filmer

ABBA GOLD um 17. Mäerz am Trifolion!
Neiegkeeten

ABBA GOLD um 17. Mäerz am Trifolion!

Si sinn eng vun den erfollegräichste Museksgruppe vun allen Zäiten

SNP verpasst säin Zil ganz knapp
Neiegkeeten

SNP verpasst säin Zil ganz knapp

En Donneschdeg hunn d‘Schotte gewielt, an dës Parlamentswale sinn a

Munneref deet sech schwéier mam Budget fir 2021

Munneref deet sech schwéier mam Budget fir 2021

Wéi a ville Gemengen uechtert d‘Land, beschäftegt sech aktuell och de Schäfferot vu Munneref mat dësem Exercice. Eng éischter schwiereg Aufgab, bezunn op déi onséileg Interaktioune vun dësem Coronavirus, deen d‘Liewen op der ganzer nei formatéiert huet.

Zu Munneref schéngt ee sech domadder ugefrënnt ze hunn, datt 2021 net dat beschte Joer an der Geschicht vun der Gemeng wäert ginn. Scho fir dat lafend Joer, ass de Bléck éischter ängschtlech, wann dësen op d‘Gemengefinanze fält. Duerch d‘Covid19-Pandemie waren d‘Aktivitéite vum Casino an dem Thermalbad zolidd ageschränkt an dat modifizéiert Gesetz mécht et net méi einfach.

Et sinn awer an der Haaptsaach dës zwou Institutiounen, déi den Haaptundeel bei der Gewerbesteier an d‘Kees vun der Gemeng bäisteiert. Am Casino 2000, läit den Ëmsazverloscht – jee nodeem wien do Äntwert – bei bis zu 50%. Frequentatioun ass hei ëm 75% (fir d‘Weekender) agebrach a wat dat fir Munneref finanziell bedeit, sollt sech jiddereen ausmole kënnen. Déi ronn 4 Milliounen Euro déi vun der Gemeng all Joers akasséiert goufen, gëtt et net méi an déi wäerten och richteg schmäerzen.

Fir de Buergermeeschter Steve Reckel (DP) heescht et elo d‘Ekipp drop anzestelle wichteg Choixen ze treffen. Déi vill Projeten déi sech am Schäfferot opgedoen haten, sinn ugesiichts der aktueller Lag jiddefalls net méi realiséierbar. Eng vun den Optiounen – déi wuel och Sënn mécht – wier et sech fir 2021 op déi „kleng“ Projeten ze konzentréieren, och wann d‘Regierung méi Invest fuerdert.

An dësem Kontext dierf emol drun erënnert ginn, datt iwwert déi lescht dräi Joer den extraordinäre Budget vun 9 op 17 Millioune geklommen ass, an datt Munneref am Joer 2019 sech net manner wéi 79 Milliounen Euro geléint huet. Bezitt ee sech op deen duerch d‘Covid19-Pandemie ervirgeruffe wirtschaftlech Verwerfungen, wäert de Munnerefer Schäfferot 2021 nach emol musse mam Bänker a „medias res“ goen. D‘Dotatioun vum Staat gëtt méi kleng an d‘Einname ginn och zolidd manner.

Beim ordinäre Budget gëtt et wuel nach eppes Sputt, mee méi wéi den Equiliber fir den normale Fonctionnement schéngt net dran ze sinn. Dat bedeit dann awer och, datt d‘Gemeng der lokaler Wirtschaft keng Hëllef wäert sinn. Alles an allem beonrouegend Aussiichten, woubäi och dës batter Zäit, mat eppes geliefter Solidaritéit sollt kënnen iwwerstane ginn. Jiddereen ass elo gefuerdert.

Illustratioun: © Hello I‘m Nik / unsplash

Related topics Casino 2000, Gemengebudget 2021, Gemengefinanzen, Munneref, Steve Reckel, Thermalbad
Next post Previous post