Search

You may also like

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)
Kultur Neiegkeeten

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)

Zanter enger Rei Woche sinn an der Stad, méi spezifesch

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm
Kultur Neiegkeeten

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm

De Kulturschäffe vun Esch/Uelzecht, de Jean Tonnar, ass e Mann

Eng „Auszeechnung“ mat Verantwortung
Kultur Neiegkeeten

Eng „Auszeechnung“ mat Verantwortung

Wéi den LCTO et gëschter matgedeelt huet, ass den Direkter

Konscht fënnt och online säi Wee: Muñoz-art mécht eng Ausstellung!

Konscht fënnt och online säi Wee: Muñoz-art mécht eng Ausstellung!

D’Ausstellung mam Numm MUNIMALISTIC ass op der Facebooksäit vun Muñoz-art ze fannen. Duerch d’Pandemie huet de Kënschtler seng Ausstellung schonn e puer Mol misse verleeën, an huet elo eng aner Méiglechkeet gesicht, sech ze presentéieren. .

Dobäi gräift hien elo op den digitale Wee zeréck, fir d’Konscht auszestellen an och ze verkafen. Esou sinn Sécherheetsmoossname garantéiert.

D’Ausstellung, déi fir den 19. Februar geplangt ass, fänkt um 20 Auer un. Sämtlech Biller (20× 30 cm), déi extra fir d’Ausstellung gemoolt goufen, ginn deen Dag op der Facebooksäit vum Muñoz-art gewisen.

Wann Dir un engem Wierk interesséiert sidd an et kafe wëllt, geet et duer „Fir mech“ ze ruffen, an ënnert dem Bil ze kommentéieren. Uschléissend kontaktéiert de Kënschtler Iech.

D’Biller kaschten 300 €. Iwwregens gëtt domat och eppes fir de gudden Zweck gemaach: 10 % vum Erléis spent de Kënschtler un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner.

D’Redaktioun wënscht Iech vill Spaass an dem Kënschtler vill Erfolleg!

Opmaacherbild: Muñoz-art / Facebook

Related topics Expo, Facebook, Fondatioun Kriibskrank Kanner, Munimalistic, Muñoz-art, virtuell Ausstellung
Next post Previous post