Search

You may also like

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020
Kultur Neiegkeeten

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020

De Lëtzebuerger Wanderverband FLMP deelt mat, datt bis den 13.

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021
Kultur Neiegkeeten

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021

Am Kampf géint de Covid-19 bleift den Teletravail fir Residenten

Sozialwahlen 2019 – d’Resultater sti fest!
Kultur Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019 – d’Resultater sti fest!

Um 12. Mäerz waren nees Sozialwahlen, bei der ënnert anerem

Regional Traditiounen a Produiten um 30. Munzer Haupeschmaart

Den Haupesch-Weekend 2019 fënnt statt vum 8. bis 10. November zu Munzen

Et ass scho fir déi 30. Kéier datt d‘Robbesscheier iech e Sonndeg den 10. November op en neits zum esou authentesch wéi originelle „Munzer Haupeschmaart“ aluet. De Brauch vun de Jeeër zu Éiere vun hirem Schutzpatroun – den hellegen Hubert – ee Maart ze organiséieren, staamt aus dem 17. Joerhonnert. D‘Robbesscheier wäert och dëst Joer nees am Mëttelpunkt vum Event stoen.

Wat alles esou gebuede gëtt:

Lass geet et schonn e Freideg den 8. November mam traditionellen „Träipeniessen-à-volonté“, dat natierlech am Restaurant Robbesscheier. De Service geet ab 19 Auer un a seng Plaz reservéieren ass ëmmer eng gutt Iddi. Wien sech also dofir interesséiert sollt sech ënnert dem Telefon 92 17 54-1 oder mat enger e-Mail un info@touristcenter.lu umellen.

Um Samschdeg steet de „Kulturprogramm“ op der Lee. Ab 20 Auer luet de Jugendveräin „Munzen- Draufelt-Siwwenaler“ als Organisateur vum Owend op säi Bal an. Am gehëtzten Zelt suergen den DJ Flex Diamond an de Pero Diamond fir gutt Stëmmung. E Fest fir „jonk an al“, esou de Slogan vun der Veranstalter.

D‘Kiischt um Kuch gëtt et dann um Sonndeg. Da fënnt dann de groussen Haupeschmaart statt. Dee gëtt vun der Robbesscheier an Zesummenaarbecht mat de Veräiner vun der Gemeng Klierf an Ëmgéigend organiséiert. Lass geet et scho mueres fréi mat enger Mass an der Kierch zu Munzen an uschléissend gëtt de Maart offiziell fir de Public erëffent.

Kee Maart wéi vill anerer

Den Haupeschmaart bitt iwwer 100 Aussteller an Acteure d‘Méiglechkeet hir Qualitéitsproduiten an Handwierkskonscht am eemolegen Naturkader zu Munzen ze presentéieren. Hei kann een e richtege Festival vun Traditiounen a Produiten erliewen. Et gëtt ze richen an ze schmaachen, Stänn mat vill „Äktschen“ an och déi regional Spezialitéiten a Besonneschkeete ginn engem virgestallt.

Et sinn wei all Jores natierlech och déi „berufflech“ Maartleit mat um Start. Bei dëse kann ee sech akleeden, Haushaltsartikel fannen an alles wat ee fir d‘Zoubereedung vun engem gudde Maufel esou gebrauche kann. Dëst Joer fënnt een och am Buttek vun der Robbesscheier eng Abberzuel u Geschenkiddien – schliisslech ass et net méi wäit bis Chrëschtdag. Net ze vergiessen, datt een an der Robbesscheier och e Bléck an de nei installéierte Spillsaache-Musée werfe sollt.

Nieft de Verkafsstänn an enger Rei Aktivitéiten, muss nach op de räichhaltege Kaderprogramm higewise ginn. Esouvill ass also schonn emol sécher, langweilen deet sech um Haupeschmaart keen, wat och de ville Veräiner vu Klierf an Ëmgéigend geschëlt ass. Si suergen dofir datt keen Honger oder Duuscht erleide muss, a géifen sech natierlech och iwwer vill Gäscht freeën.

Den offizielle Programm vum Sonndeg

Iert den Haupeschmaart erëffent gëtt, fënnt an der Porkierch zu Munzen e Gottesdéngscht statt (9.30 Auer). No der Houmass ginn d‘Éieregäscht zum Maartkräiz um Uertsausgank vu Munzen, wou dann och déi offiziell Erëffnung vum Haupeschmaart mat engem duebelen Handschlag ageleet gëtt.

Um 11.30 Auer ginn d‘Éieregäscht vum Virstand vum „Tourist Center Clervaux Asbl“ zu engem Tour iwwert de Maart agelueden. Hei kënnen déi sech dann och vun der Villfältegkeet un Offeren iwwerzeegen. Nom Tour luet d‘Gemeng Klierf op den Éierewäin an.

Géint Mëtteg gëtt dann nees den traditionellen Haupeschmaartmenü am Restaurant Robbesscheier, an am gehëtzten Zelt (beim Sammeshaff) ugebueden. Hei huet een d‘Wiel tëscht „Wëldgulasch mat Ëmgeréits“; den „Träipe mat Ëmgeréits“ oder dem allsäits beléiften „Ham, Fritten an Zalot“. Zu alle Menüe gëtt et als Dessert e Stéck Taart.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt et Parkingen un den zwee Agäng vum Duerf gëtt. Natierlech wier et flott wann d‘Leit mam ëffentlechen Transport géifen ureesen. Wien dës Mobilitéitsalternativ als Optioun a betruecht, dee sollt wëssen, datt et eng Navette tëscht der Gar vun Draufelt a Munzen ageriicht ginn ass. D‘Navette ass vun 10 bis 18 Auer am Asaz.

Fotosgalerie: Andréck vum Haupeschmaart 2018 – © Tourist Center Clervaux Asbl

Related topics Haupeschmaart, Klierf, Munzen, Robbesscheier
Next post Previous post