D’Offer an de Muséeën optimiséieren: Ausschreiwunge fir Projeten

Fir d’Offer un, sou wéi an de Lëtzebuerger Muséeën ze erneieren, ze optimiséieren an auszebauen, lancéiert de Kulturministère elo en Appell un all Musées-Institutiounen, fir esou d’Realisatioun vu Projeten ze ënnerstëtzen.

Heibäi gëtt eng direkt finanziell Hëllef gebueden fir verschiddenst Konzepter, Projeten fir Ausstellungen ze plangen, oder och Projeten fir Kollektiounen ervirzehiewen. Doduerch soll och de kulturelle Patrimoine méi an de Fokus geréckelt an Diversitéit an d’Kultur erabruecht ginn.

Ma dëst bedeit gläichzäiteg eng indirekt Ënnerstëtzung fir de ganze Secteur – Artisten Kommunikatiounsagencen a Professioneller aus der kreativer Industrie gi gebraucht an agebonnen.

Bis den 1. September 2022 hunn Institutiounen Zäit de kompletten Dossier via Mail anzereechen. All Detailer ginn et op mc.gouvernement.lu.

Dernières nouvelles