Search

You may also like

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa
Kultur Neiegkeeten

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa

Den Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten ECDC

Motocycliste mussen sech weider areien
Kultur Neiegkeeten

Motocycliste mussen sech weider areien

Datt et bei eis am Land jeemools derzou wäert kommen,

Nach ëmmer keng Fourrière fir d‘Police
Kultur Neiegkeeten

Nach ëmmer keng Fourrière fir d‘Police

Et ass scho bal ee ganzt Joer vergaangen, zanter de

Musek@Kannerduerf: Kreativ Workshoppe fir Kanner a Jugendlecher

Musek@Kannerduerf: Kreativ Workshoppe fir Kanner a Jugendlecher

Den 19. Juli 2021 gouf am SOS Kannerduerf zu Miersch e musikaleschen Optakt gefeiert. Op der Sich no innovative Méiglechkeeten huet d’Equippe sech fir kreativ Atelieren an der Summervakanz entscheet, déi a 4 Themen a jeeweils op 3 Deeg opgedeelt sinn. Iwwer 40 Kanner a Jugendlecher sinn ugemellt.

D’Stëftung Loutsch-Weydert huet all Workshoppen, déi offréiert ginn, erméiglecht. Vun Hip-Hop mam Rapper NICOOL a V.I.C, iwwert Songwriting mam David Ianni an dem Bob Minette, hin zu Vocal Percussion mat GIAMBA an dem Catherine Hengels, gëtt et nawell Villes ze léieren an ze entdecken. Donieft garantéiert e Rallye mam Thema „Tour du Monde musical“ Wëssenswäertes ronderëm d’Musek.

De leschten Dag vun dëse musikaleschen Aktivitéiten gëtt natierlech besonnesch spannend: D‘Kanner an d‘Jugendlecher weisen hire Familljememberen an de Betreier, wat si an de Workshoppe geléiert hunn. Selbstverständlech gi bei all den Aktivitéiten déi aktuell Sécherheetsmoossnamen agehalen. De Projet ass duerch de grousse Succès mëttlerweil e feste Bestanddeel vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg.

D’Konzept gouf mat Fachleit weiderentwéckelt, woubäi d’Marie Weis an d’Anne Koch dofir gesuergt hunn, datt fir all Alterskategorie dat Richtegt dobäi ass – a genee dofir ginn Schnuppercoursen ugebueden. Och den Institut Européen de Chant Choral (INECC) war mat un der Ausféierung bedeelegt. An Zukunft wäert een Musekstherapeut d’Personal verstäerken.

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf setzt sech mat all sengen Aktivitéiten dofir an, datt Kanner déi noutwenneg Viraussetzunge kréien, fir datt si an enger stabiller a virsuerglecher Ëmgéigend opwuesse kënnen. Momentan këmmert sech d’Fondatioun ëm méi wéi 440 Kanner a Jugendlecher, sou wéi jonk Erwuessener, déi vu verschiddenen ambulanten oder stationären Ariichtunge betreit ginn.

Related topics Catherine Hengels, David Ianni, GIAMBA, Hip Hop, INECC, Miersch, Musekstherapeut, NICOOL, Perkussioun, Rallye, Songwriting, SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, Workshops
Next post Previous post