Search

You may also like

money
De STATEC huet ee Rass an der Kristallkugel
Kultur Neiegkeeten

De STATEC huet ee Rass an der Kristallkugel

Déi sougenannten Experte vum nationale statisteschen Déngscht (STATEC) hunn ee

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt
Kultur Neiegkeeten

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt

Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op

Verontreiung beim SNJ: Plainte géint e Kollaborateur
Kultur Neiegkeeten

Verontreiung beim SNJ: Plainte géint e Kollaborateur

Beim Service National de la Jeunesse (SNJ) geet een elo

E musikalescht Wierk fir Nationalfeierdag – Dir sidd gefrot

E musikalescht Wierk fir Nationalfeierdag – Dir sidd gefrot

Fir S.A.R. dem Groussherzog säi Gebuertsdag och um musikaleschen Niveau ze feieren, wënschen de Staatsministère an de Kulturministère sech eng musikalesch Interpretatioun, déi op Nationalfeierdag 2021 an der Philharmonie virgedroe gëtt. A wien fir dës Aufgab méi gëeegent, wéi déi national Museker?

Dofir geet en Appell un all Lëtzebuerger Komponist an/oder Resident, respektiv Member vun engem Kollektiv eraus. Verschidde Virgaben gëllt et awer ze respektéieren:

D’Wierk soll eng festlech Atmosphär eriwwerbréngen a mat engem Symphonieorchester gespillt kënne ginn. Schliisslech gëtt et um 23. Juni 2021 vum OPL zur Ouverture vun der Zeremonie virgedroen. D’Méiglechkeet besteet, ee gemixte Chouer mat ze integréieren. Dës weideren sollt d’Kompositioun tëscht 5 a 6 Minutten daueren.

Belount gëtt déi ausgewielte Kreatioun mat enger Zomm vu 5.000 € (HTVA).E Jury, deen aus dem Pierre Cao (Orchester Chef), dem Marc Meyers (Stater Conservatoire) a Lydia Rilling (Philharmonie) besteet, analyséiert all Dossier a wielt dorausser ee Gewënner. De Rechtswee ass ausgeschloss.

Am Dossier gëtt et kee Formulaire auszefëllen, dofir soll en awer den CV, eng Beschreiwung zum Thema a musikalesche Stil, sou wéi Extraiten vu scho komponéierte Stécker enthalen. Dës kënnen als enregistréiert Versioun matgeschéckt ginn. Bis de 15. Februar 2021 kënnen d’Dossieren op appel.musique@mc.etat.lu geschéckt ginn.

De Kulturministère behält sech d’Recht vir, d’Commande zu all Moment annuléieren ze kënnen, ouni e Kandidat fir seng Aarbecht belounen ze mussen. Weider Informatiounen, Konditiounen a Klenggedrucktes fannt Dir op gouvernement.lu.

Related topics Appell zur Kandidatur, Kompositioun, Kulturministère, Nationalfeierdag 2021, OPL, Philharmonie, S.A.R. de Groussherzog Henri, Staatsministère
Next post Previous post