Search

You may also like

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch
Kultur Neiegkeeten

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch

Während dem Freideg-Gebiet ass et zu Christchurch (Neiséiland) zu Attacken

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour
Kultur Neiegkeeten

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

Nodeems d‘Cécile Hemmen (LSAP) Enn Oktober d‘Handduch geworf hat –

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm
Kultur Neiegkeeten

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm

Autobunnen, den Ausbau vum Tram, Vëlosweeër laanscht all nei Strooss.

Museksquiz zu Lamadelaine: Äert Wëssen ass gefrot!

Museksquiz zu Lamadelaine: Äert Wëssen ass gefrot!

Dir sidd e richtegen Expert wann et ëm Musek geet? Ma da spëtzt Är Oueren a verbréngt de 17. Mee e flotten Owend am Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Äert Wëssen ass nämlech gefrot, wann d’A.s.b.l. La Main Tendue op hire Museksquiz aluet.

An Ekippe vu 4 bis 6 Leit kritt ee beispillsweis kuerz Sequenze vu Lidder virgespillt, wou et dann drëms geet den Auteur an den Titel erauszefannen. D’Kategorien erstrecke sech vu Musek vu fréier (ah, déi gutt al 70er) bis Musek vun haut oder och aus Filmer oder Serien. Eng gutt zesummegewierfelt Ekipp sollt also déi gréisste Chancen op eng vun den éischten dräi Plaze bidden, fir déi et Präisser ze gewanne gëtt. Kleng Häppercher souwéi Gedrénks ginn och ugebueden.

Den Hannergrond vun dësem Owend ass awer e bësse méi en eeschten. Als A.s.b.l. huet La Main Tendue sech zum Zil gesat, eng Ulafstell fir Leit ze sinn, déi Hëllef brauchen. Hir Aktivitéite konzentréieren sech zum engen op e “Centre psycho-socio-éducatif” souwéi op e “Centre de prévention et d’aide et d’écoute”. Esou wëll si Jonken oder Familljen hëllefen, déi ënner physescher, psychescher oder sexueller Gewalt leiden. Si versteet sech als Passerelle tëscht professionellen Ulafstellen a bitt eng perséinlech a strukturéiert Begleedung un.

Wéi passend also, datt deen Owend op de Kär vun der Organisatioun opbaut – d’Nolauschteren.

Detailer zum Museksquizowend:
Eng Ekipp besteet an der Reegel aus 4 bis 6 Leit.
De Präis beleeft sech op 5 Euro pro Persoun.
Datum an Auerzäit: Freideg, de 17. Mee 2019 um 19:00 Auer
Adresse: Centre de Loisirs L-4875 Grousswiss Lamadelaine
Umeldung: j.torzoni@lamaintendue.lu oder 20 60 04 65 84

Related topics Hëllef, La Main Tendue, Musék, Museksquiz, Quiz
Next post Previous post