Music for Peace: Den 22. Januar 2022 an der Philharmonie

Op dësem Concert, ganz am Zeeche vum Fridden, héiert ee Musek vum Karl William Jenkins, den haut ee vun de produktiivsten, beléiftsten an am meeschte gespillte Komponisten vun der Welt ass.

Säi Wierk « The Armed Man: A Mass for Peace » gouf säit senger Uropféierung de 25. Abrëll 2000 an der Royal Albert Hall zu London bal 2.000 Mol opgefouert. Den Jenkins, deem säi Stil a seng Integritéit di musikalesch Grenzen iwwerschratt hunn, gouf mat 17 Gold- a Platinplacken ausgezeechent.

D’Wierk war eng Commande vun den “Royal Armouries” fir dat neit Joerdausend an ass den Affer vum Kosovo-Konflikt dediéiert. Baséierend op dem franséischen Lidd „L’Homme armé“ aus dem 15. Joerhonnert a komponéiert fir Chouer an Orchester, kéint een „The Armed Man“ als zäitgenëssesch Mass bezeechnen.

Di chrëschtlech Mass, déi sech op reliéis a weltlech Texter (Tennyson, Kipling, de Koran an dat indescht hellegt Buch Mahâbhârata) bezitt, setzt sech aus enger Suite aus de véier Deeler vun der Mass op latäin an dem Lidd „Hymn Before Action“ zesummen.

Den 22. Januar 2022 um 20 Auer an der Philharmonie du Luxembourg stinn och Wierker vum Robert Spittal, Jim Curnow an John Williams um Programm, bei deenen, genee wéi beim Stéck vum Jenkins, de Fridden am Mëttelpunkt steet.

Projektorchester Musik ohne Grenzen e.V.
Chorale Municipale Sängerbond Dikrich
Ensemble Vocal Eurocantica
ANDY LOOR Chouerleedung
RAINER SERWE Orchesterleedung
JEFF MACK Alto
HAFIZ AZIZ ALILI Haaptimam vun der Moschee vun Zagreb
ŠEMSUDIN JUSUFOVIĆ Fréieren Imam vum Centre Culturel Islamique du Nord Wiltz
EDIN JUSUFOVIĆ Muezzin

Um Programm

Robert SPITTAL _ Pacem
Jim CURNOW _ Canticle of the Creatures
John WILLIAMS _ Hymn to the Fallen (Saving Private Ryan) (arr. Philip Sparke)
Karl JENKINS _ The Armed Man − A Mass for Peace

Weider Informatiounen

Präis: 25 / 20 / 15€ – <27 ans 15 / 11 / 8€
Reservatioun: (352) 26 32 26 32 / www.philharmonie.lu

Dernières nouvelles