Search

You may also like

Rentereform a Frankräich elo per Dekret
Kultur Neiegkeeten

Rentereform a Frankräich elo per Dekret

Iwwer zéng Deeg gëtt déi ominéis Rentereform elo an der

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%
Kultur Neiegkeeten

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%

Domat läit se e gutt Stéck iwwert den 2%, déi

Spill-Applikatioun mat lëtzebuergeschem Touch
Kultur Neiegkeeten

Spill-Applikatioun mat lëtzebuergeschem Touch

Pénktlech zu Nationalfeierdag gëtt et an de bekannten online Applikatiounsbutteker

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag

Musikalesch Talenter opgepasst: Am Kader vun der Gebuertsdagsfeier vu senger Exzellenz dem Grand-Duc lancéiert de Staats- a Kulturministère ee Concours fir eng nei musikalesch Kompositioun ze gestalten, déi bei der offizieller Zeremonie op Nationalfeierdag 2019 an der Philharmonie an der Stad Lëtzebuerg presentéiert gëtt.

Zu de Virgabe gehéiert, datt d’Wierk fir een Symphonieorchester soll geschriwwe ginn an eng Dauer vu 4 Minutte soll hunn. D’Kompositioun soll generell een festleche Stil hunn a fir 3 Oboen, 3 Flütten, 3 Klarinetten, 3 Bäss, 4 Coren, 3 Trompetten, 3 Trombonnen, 1 Tuba, 1 Harf, Pauken an 2 weider Perkussiounsinstrumenter entworf ginn („effectif: cordes 14/12/10/8/6“).

Dësen Appell adresséiert sech un all KomponistIn den/dei zu Lëtzebuerg wunnt oder déi Lëtzebuergesch Nationalitéit huet. De Geldpräis beleeft sech op 3.000 €

D’Kandidatur kann ee bis de 15. Mäerz 2019 un appel.musique@mc.etat.lu schécken. Wichteg ass hei ee komplette Liewenslaf, eng Lëscht u scho komponéierte Wierker, am bäschten mat Beispiller am Audio- oder Video-Format, esou wéi all aner wichteg Informatioun.

Uschléissend ginn d’Kandidaturen engem externe Comité iwwermëttelt.

Related topics Concours, Grand-Duc Henri, Kompositioun, Musék, Nationalfeierdag
Next post Previous post