Search

You may also like

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?
Meenung

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?

[onionbuzz quiz-id=144][/onionbuzz] All Woch gesi mer nei Lëtzebuergesch Wierder, wou

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!
Meenung

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

An England gëtt all Joer um 5. November mat Freedefeier

money
Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp
Meenung

Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp

Net méi spéit wéi gëschter, huet Bertelsmann fir d‘RTL-Grupp e

Muss dat sinn?

Muss dat sinn?

Et ass déi Froh, déi ech mer all Joer fir Sylvester stellen. Net, well ech kengen gönnen, sech ze freeën an ze ameséieren. Esou al sinn ech och nach net, datt ech op der Terrass mam Gewier sëtzen an aner Leit vu menger Wiss verjoen. An awer, dat konstant Geknupps a Gedonners, dat muss wierklech net sinn.

Déi Astellung ass och mëttlerweil méi geleefeg ginn. Scho bal salonfäheg souguer. Och wéinst den Déieren, déi sech deels zu Dout fäerten, wann d’Rakéite bis an d’Loft ginn. Oder wéinst der Loftverschmotzung, déi virun allem dëst Joer an den däitsche Medie vill Opmierksamkeet krut huet. Vir mech ass awer och en extreme Mangel un Disziplin e Problem: Wann se sech wéinstens géifen un d’Sécherheetsempfeelunge géifen halen, wann se hier Knupperten a Rackéite lassloossen. Mee nee, mol net dat kréien se hinn, déi sinn oft fir den Eemer. Deen och oft feelt.

Aneren Disziplin-Fail: Et einfach net hikréien, seng Rakéiten zur Zäit ze zünden. Ass dach näischt méi flott wéi se schonn um 22:00 Auer an d’Luucht ze jummen, oder de Mueren drop, falls een éiere verghiess sollt hunn, datt en neit Joer ugefangen huet. Da schwätze mer nach guer net vum Geld, wat do verprasst gëtt. Also, et geet mech jo och näischt un, wat d’Leit mat hirem Geld maachen. A wann ech kucken, woufir ech et esou aus ginn, da misst ech di Zeilen hei schonn direkt erëm läschen. Ass scho gutt.

Also, wien et op mannst zur zäit a mat der néideger Sécherheet mécht, deem vergönnen ech jo nach de Spaass. A jiddereen, deen en Hausdéier huet, weess, datt en drop oppasse muss. Et muss eben net sinn, mee vir vill Leit ass et e regelrecht erléisende Moment, en neit Joer begréissen ze dierfen. A vue datt 2017 sech vir vill Leit wéi en Trëtt widder d’Schinnebeen ugefillt huet, kann een nëmmen hoffen.

E gudde Rutsch, iech all!

Related topics 2018, Lëtzebuerg, Sylvester
Next post Previous post