Search

You may also like

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis
Kultur Neiegkeeten

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis

Am Interview mat der ARD, huet den däitsche Gesondheetsminister Jens

Europa an d‘Rechtsstaatlechkeet (Analys)
Kultur Neiegkeeten

Europa an d‘Rechtsstaatlechkeet (Analys)

Wa sech déi europäesch Staats- a Regierungscheffe schonn am Summer

Sonic Visions 2018 – ee musikaleschen Highlight vu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Sonic Visions 2018 – ee musikaleschen Highlight vu Lëtzebuerg

Haut den Owend ass et nees esou wäit! Bis muer

My Urban Piano – Lëtzebuerg am Tastenféiwer

My Urban Piano – Lëtzebuerg am Tastenféiwer

Vum 23. Mee bis de 16. Juni sinn, am Kader vu My Urban Piano, an der ganzer Stad Lëtzebuerg Pianoen opgestallt ginn. Ganzer 23 vun dëse faarwegen Tasteninstrumenter konnt een op touristesche Plazen, a Parken, sou wéi an de Stroossen vun der Haaptstad fannen.

Fir dëse musikalesche Projet ze ënnerstëtzen hunn d’VDL an de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) ee Concours lancéiert, bei deem déi originellst Micro-Concerten oder Animatioune ronderëm de Piano belount sollte ginn. Um vergaangenen Dënschdeg huet de Stater Schäfferot schliisslech de Gewënner hir Präisser iwwerreecht. Heibäi sinn Akafsbongen am Wäert vu 500 €, 250 € an 150 € un d’Laureate gaangen.

My Urban Piano

D’Gewënner 2019 © Charles Soubry/VDL

A wat spills du?

An dësem Joer konnte folgend Artisten de Concours gewannen:

Präiss „Musek“

  1. Lara Cucic (Video)
  2. Kana Sagara (Video)
  3. Chris Sinner (Video)

Präis „Musek an Animatioun“

  1. Jean-Philippe Koch (Video)
  2. Cécile Martel (Video)
  3. Maïté Suto (Video)

Präis fir den Encouragement

  1. Nadège De Prest (Video)
  2. Tanya Scratchley (Video)

Duerch de grousse Succès gëtt de Projet och am nächste Joer nach emol lancéiert. D’Pianoen, sou wéi kleng spontan Concerte vun talentéierten a begeeschterte Pianiste sinn ze erwaarden.

Related topics Gewënner, LCTO, My Urban Piano, VDL
Next post Previous post