Search

You may also like

What the Fakt – Den Chuck Norris feiert kee Gebuertsdag. De Gebuertsdag feiert hien!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Chuck Norris feiert kee Gebuertsdag. De Gebuertsdag feiert hien!

Als Schauspiller ass den Chuck Norris, den haut säin 79.

frEsch: D’Schlëssele fir de Bâtiment IV gehéiert elo hinnen
International Neiegkeeten

frEsch: D’Schlëssele fir de Bâtiment IV gehéiert elo hinnen

E Freideg huet déi offiziell Schlësseliwwergab vum Bâtiment IV u

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass ouni Buedem
International Neiegkeeten

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass ouni Buedem

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass

COVID-19 a Myanmar: Et feelt u Grondversuergung

COVID-19 a Myanmar: Et feelt u Grondversuergung

D’Hëllefsorganisatioun CARE warnt, datt d’Lag a Myanmar sech weider verschlëmmere wäert. D’Coronazuelen am Land klammen drastesch: Den 12. Juli 2021 goufe 5.014 nei Coronafäll an 80 Doudesfäll mat oder am Zesummenhang mam Coronavirus registréiert. Dat ass en traurege Rekord, d‘Donkelziffer ass wahrscheinlech méi héich. D’Land test ze wéineg a brauch onbedéngt humanitär Hëllef.

D’Situatioun verschäerft sech iwwerall, vill Mënschen hunn hiert Doheem wéinst Gewalt misse verloossen, et feelt un Grondliewensmëttel, Waasser an enger medezinescher Versuergung. Si verzweiwelen.

„D’Mënsche stinn a laange Waardeschlaange fir eng Ratioun vum begrenzte Sauerstoff fir hier Familljememberen ze kréien, déi géint de Virus kämpfen“, erkläert d’Deepmala Mahla, humanitär Direktesch vu CARE. Wéi sou dacks, si meeschtens Fraen an aarm Gemeinschafte vum Problem betraff. Kloer ass, datt eng Léisung hier muss.

An dësem Kader fuerdert CARE sämtlech ASEAN-Memberstaaten dozou op, hier Zesummenaarbecht mat anere Länner an der Regioun ze verstäerken. Mënscheliewe stinn um Spill – dofir muss onbedéngt eng Dauerléisung fir déi politesch Kris fonnt ginn.

D’Haaptzil ass hei d’Pandemie zesummen an de Grëff ze kréien. D’Hëllefsorganisatioun CARE ass zanter Joeren a Myanmar täteg an engagéiert sech staark dofir d’Ernierung vu schwangere Fraen an Neigebuerenen ze verbesseren. Fir déi humanitär Hëllef weider ze garantéieren, hofft CARE op Ënnerstëtzung a rifft zu Spenden op.

Weider Informatioune fannt Dir op www.care.lu.

Opmaacherbild: © Chinh Le Duc / unsplash

Related topics CARE, Covid-19, Deepmala Mahla, Doudesfäll, Infektiounen, Liewensmëttel, medezinesch Versuergung, Myanmar, Pandemie, Zesummenaarbecht
Next post Previous post