Search

You may also like

Sanktioune géint Wäissrussland sinn duerch
International Neiegkeeten

Sanktioune géint Wäissrussland sinn duerch

Et war eng laang Nuecht a wann een dem EU-Rotspresident

Amerika zelebréiert de 4. Juli
International Neiegkeeten

Amerika zelebréiert de 4. Juli

Dat de 4. Juli an den USA a gewësser Mooss

eSport: Den ACL gëtt Vollgas!
International Neiegkeeten

eSport: Den ACL gëtt Vollgas!

Ab e Méindeg 15. Mäerz, geet den Automobilclub Lëtzebuerg mat

Myanmar: Walbedruch oder Héichverrot?

Myanmar: Walbedruch oder Héichverrot?

Nodeems leschte Sonndeg d‘Militärjunta am südostasiatesche Land déi demokratesch gewielte Regierung gestierzt, d‘Regierungscheffin Aung San Suu Kyi an de Staatspresident Win Myint verhaft huet, soll déi fréier Friddensnobelpräisdréierin dem Héichverrot ugeklot ginn. Et gëtt allerdéngs éischt Protester a Widderstand

Myanmar

Myanmar (fréier Burma), ee Land datt zanter senger Onofhängegkeet ëmmer iergendwéi vun der Arméi an tollwütegen Offizéier „politesch“ geréiert gëtt, schéngt sech elo nees däischteren Zäiten zouzewennen. Nom hannerhältegen, wann och ugekënnegte Putsch vun der Arméi war als Grond „Walbedruch“ bei den am November ofgehalene Parlamentswale genannt ginn. Elo dann d‘Uklo.

Bei der vun den Offizéier opgestallter Uklo ass keng rieds méi vu Walbedruch. Déi mächteg an iwwert alle Gëtter stoend „Krichshären“ hunn d‘Aung San Suu Kyi wéinst Héichverrot ugeklot. D‘ofgesate Regierungscheffin sëtzt aktuell an Untersuchungshaft. Ee Geriicht huet wéinst Verstéiss géint en Handelsgesetz, d‘Aung San Suu Kyi emol fir 14 Deeg aus dem Verkéier gezunn.

Myanmar

Déi aner Regierungsmembere vun der Nationaler Liga fir Demokratie (NLD) goufe vun der Arméi ënner Hausarrest gestallt. Den neien Här am Land ass den Uewerhäuptling vun der Verdeedegung, de Generol Min Aung Hlaing. De 65 järegen Offizéier, vun deem behaapt gëtt, datt hien als Schüler a spéider als Kadett gezësst gouf (bis an d‘70er Joren), schéngt fir den Job als Diktator gëeegent.

Vu getierkte Walen an illegale Funk-Apparater

An engem éischte Schratt hat d‘Arméi uginn, datt d‘Regierung vum Aung San Suu Kyi déi vun den Offizéier gefuerdert Enquête zu de Virwërf vum Walbedruch net richteg ënnersicht hätt. Dobäi hat d‘Walkommissioun – an där Vertrieder vun der Arméi sëtzen – 4 Deeg virum Putsch annoncéiert, datt et bei der Wal am November keng signifikant Onreegelméissegkeeten ze notéiere ginn huet.

Myanmar

Am Staatsorgan „Global New Light of Myanmar“ huet d‘Militärjunta ugekënnegt, datt een eng nei Walkommissioun wäert asetzen, déi d‘Daten zu der Wal wäert analyséieren. Si soll déi „richteg Resultater“ ermëttelen an uschléissend déi ganz Verstéiss entspriechend juristesch verfollegen. Un de vun der virechter Regierung festgeluechte Covid19-Moossname wéilt een awer festhalen.

Wat den „Import“ vun den illegale Funk-Apparater ugeet, esou misst dës Ugeleeënheet genauestens gepréift ginn. Sollt sech – an dorunner huet de Generol Min Aung Hlaing net ne geréngsten Doute – erausstellen, datt d‘Aung San Suu Kyi géint national Handelsbestëmmunge verstouss huet, wier dat Héichverrot, an der (wéinst dem Ëmgang mat de Rohingya) ëmstriddener Fra dreet d‘Doudesstrof.

Déi international Communautéit knoutert

An dësem Kontext, hunn sech elo d‘Ausseminister vun de G7-Länner zur Wuert gemellt:

„Mir sinn zudéifst besuergt iwwert d‘Festnahm vu politesche Féierungsperséinlechkeeten an zivilgesellschaftlechen Aktivisten, dorënner d‘Regierungscheffin Aung San Suu Kyi an de President Win Myint, esou wéi déi géint d‘Medie verhaange Moossnamen. Mir ruffen d‘Arméi op, den Ausnamezoustand direkt ze beendegen, d‘Muecht nees an d‘Hänn vun der demokratesch gewielter Regierung ze leeën, all zu Onrecht inhaftéiert fräizeloossen, esou wéi d‘Mënscherechter an d‘Rechtsstaatlechkeet ze uechten“.

De Putsch ass och vun de Vereenten Natioune verurteelt ginn. Hei hunn esouwuel den UN-Generalsekretär Antonio Guterres wéi de President vun der UN‘Generalversammlung Volkan Bozkir de Coup schaarf condamnéiert. De 46. US-President Joe Biden, hat sech schonn direkt nom Putsch, mat enger „Note“ géint de Coup duerch d‘Arméi, op d‘Säit vun der Regierung gestallt.

Säitens dem Lëtzebuerger Ausseministère gëtt zu Burma (nach) keng offiziell Stellungnam. Wärend ee sech fir d‘Kausa Nawalny asetzt, huet et zum Militärputsch a Myanmar nach keng Ausso ginn. Et kann een allerdéngs dovunner ausgoen, datt esoubal d‘EU-Kommissioun sech positionéiert huet, de Jean Asselborn sech dëser Deklaratioun uschléisse wäert. Et muss een net ëmmer den éischte sinn…

Myanmar

An der Stad Mandalay ass et an der tëscht zur éischter Demonstratioun géint de Putsch vun der Militärjunta komm. Am netz ass kuerzzäiteg ee Video kurséiert, op deem Mënschen ze gesi sinn, déi sech virun de medezinescher Fakultéit versammelt hunn, fir de Coup ze denoncéieren. Et ass zu Verhaftunge komm.

mat The Irrawaddy

Related topics Aung San Suu Kyi, Militärjunta, Min Aung Hlaing, Myanmar, Putsch
Next post Previous post