Search

You may also like

money
Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert
International Neiegkeeten

Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert

Fir verschidde grouss Internetkonzerner, wéi beispillsweis de Streaming-Déngscht Netflix oder

Littering: eng knaschteg Affär
International Neiegkeeten

Littering: eng knaschteg Affär

Et ass een Thema wat ausgangs leschter Woch ëmmer nees

D’Kand beim Numm nennen
International Neiegkeeten

D’Kand beim Numm nennen

Falls et an de vergaangene Méint net offensichtlech genuch gewiescht wier, huet

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand

Virun enger Woch huet d‘Militärjunta d‘Muecht iwwerholl, d‘Regierungscheffin Aung San Suu Kyi an de Staatspresident Win Myint verhaft. An engem éischten Ament gouf der Regierungscheffin vun de Generäl Walbedruch virgeworf. Mëttlerweil steet si wéinst Héichverrot ënner Uklo. Si soll géint Importbestëmmunge verstouss an illegal Radiosender an d‘Land geschmuggelt hunn.

Den neien Häuptling ass de Generol Min Aung Hlaing, an deen huet emol wëlles fir ee Joer dat ganzt ze kontrolléieren. Esoulaang jiddefalls soll de Staatsnoutstand Bestand hunn. D‘Kritik aus dem westlechen Ausland ass gewinnt „diplomatesch“, mee de 46. US-President a senger éischter aussepolitescher Grondsazried, huet däitlech Undeitungen op méiglech US-Sanktioune gemaach.

Myanmar

A wärend sech en Deel vun de Weltgemeinschaft hannert d‘Aung San Suu Kyi an hir National Liga fir Demokratie (NLD) stellt, forméiert sech am Myanmar de Widderstand. Ënnert dem Slogan „zivillen Ongehorsam“ (vivil disobedience) ass d‘Blechen-Dëppe Campagne gestart ginn. Déi suergt fir „Stëmmung“ wann d‘Spärstonn, déi d‘Junta e Méindeg verhaangen huet, ufänkt.

Esou stinn d‘Leit elo all Owes op hire Balconen, an hire Fënsteren oder dem eegenen Haff a schloe mat allem wat derzou daacht op blechen Dëppen. Esou verstoussen si net géint d‘Oplage vun der Arméi. „Zopp statt Putsch“, ee Schlagwuert fir ee politescht Rezept. Demokratie an dräi Schrëtt; Dëppe mam Vollekswëlle fëllen, fest dropschloen, iwwerschëssegt Militär ofgéissen, fäerdeg.

Den Informatiounsfloss stoppen

Och am Myanmar organiséiert sech de Widderstand iwwert déi sozial Netzwierker. Dës „Rezept“ ass massiv op Twitter verbreet ginn, nodeems dem Min Aung Hlaing seng IT-Spezialiste Facebook „ofgeschalt“ haten. Natierlech gouf dunn och Twitter stëllgeluecht. Dat awer hält d‘Leit net dovunner of sech ze verstännegen an de Widderstand opzebauen. An dat schéngt sech opzegoen…

Myanmar

Vill Institutiounen, prominent Matbierger, Influencer an déi Kulturschaffend bedeelegen sech um zivillen Ongehorsam. D‘Enseignanten an d‘Schüler hunn d‘Aarbecht agestallt. Eng Dozentin op der Universitéit zu Yangon: „Mir wëlle keen deen d‘Muecht klaut an domat seng Regierung bilt. Mir schaffen net méi fir se. Mir wëllen datt de Putsch scheitert“. A si sinn net déi eenzeg…

Ugefaangen hat de Widderstand am Gesondheetssecteur. D‘Personal an de Spideeler, wieder goung et an de medezinesche Fakultéiten… mëttlerweil hu sech d‘Mataarbechter vun der Eisebunn, de Fluchgesellschaften an esouguer aus verschiddene Ministèren dem Mouvement ugeschloss. Op sech d‘Strategie vum gewaltfräie Widderstand opgoe kann? D‘NLD jiddefalls versprécht ze hëllefen.

MyanmarWeltwäit (ausser bei eis) gëtt géint de Coup protestéiert

Offiziell huet d‘Regierungspartei NLD erkläert, datt si d‘Campagne ënnerstëtzt an jidderengem, dee wéinst Ongehorsam Ierger kritt, seng Schaf verléiert oder verhaft gëtt bäisteet. En Zeechen datt dës Campagne gutt suivéiert gëtt: vill Leit mat roude Schläifen oder rouden T-Shirten. An de Stroossen hänke rout Loftballonen. Rout ass déi symbolesch Faarf vun der NLD an dem Widderstand.

mat The Irrawaddy

Foto: D‘Mënschen zu Myanmar protestéiere weider géint de Coup. Den Zougang zum Internet ass weiderhin extrem komplizéiert, d‘Telefonsverbindunge goufen elo och ënnerbrach. D‘Angscht, datt d‘Arméi d‘Protester brutal néierschloen ass immens, mee hält keen dovunner of, fir seng Rechter anzetrieden.

Related topics Aung San Suu Kyi, Burma, Militärregierung, Myanmar, Putsch, zivillen Ongehorsam
Next post Previous post