Search

You may also like

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale
Neiegkeeten

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale

Während d’Lag sech a Syrien net berouege wëll, kommen och

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn
Neiegkeeten

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn

Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch

Islamist Abu Walaa veruerteelt
Neiegkeeten

Islamist Abu Walaa veruerteelt

De vermuttlechen Däitschland-Chef vun der Terrormiliz Islamesche Staat (IS) ass

myGuichet: Vereinfacht Demarchen a Saache professionell Formatioun

myGuichet: Vereinfacht Demarchen a Saache professionell Formatioun

De Beruffsausbildungsdéngscht (SFP) vum Ministère nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse verfollegt säin Digitaliséierungsprozess. Esou kritt d’Ëffentlechkeet den Zougang zu bestëmmte Verfare vereinfacht.

De Benotzer gëtt Schratt fir Schratt duerch de Prozess gefouert. Méiglech ass dat, duerch dynamesch Questionnairen, déi vum Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) entwéckelt goufen.

Eemoleg Primm an Ausbildungscongé

Et si schonn e puer Formulairen disponibel. Ausbildungsorganisatiounen, déi een oder méi Auszebildent bei sech beschäftegen, kënnen sech am Kader vun der Gesondheetskris een Eenzelbonus ufroen, fir d’Léier ze fërderen.

Zanter dem 1. Februar 2021 kënnen d’Aarbechter een individuellen Ausbildungscongé via myGuichet.lu ufroen. Dat ass ee spezielle Congé, deen den Interessenten erméiglecht sech op Prüfungen virzebereeden oder u Coursen deelzehuelen. An der Reegel huet een a senger berufflecher Karriär 80 Stonnen Ausbildungscongé ze gutt.

Och de Patron kann sech iwwer myGuichet.lu ee Remboursement ufroe, fir d’Deeg vum Ausbildungscongé ze kompenséieren.

Bis zum Enn vum Joer 2021 ass virgesinn, dass d’Demarchen, fir eng gewëss Erfarung validéiert ze kréien (VAE), accessibel ginn. Dat erméiglecht et eng Qualifikatioun (Zertifikat, Diplom, Brevet) duerch déi professionell Erfarung ze kréien.

Den ausgefëllte Formulaire gëtt fir d’Veraarbechtung bei Agente vum Beruffsausbildungsservice geschéckt. Doropshi gëtt de Bewerber per Post iwwert de Bescheed informéiert.

Opmaacherbild: © Cookie The Pom / unsplash

Related topics Ausbildung, Congé, Diplom, Eemoleg Primm, Formatioun, MyGuichet, Zertifikat
Next post Previous post