Search

You may also like

E Lëtzebuerger Ouerwuerm: U.Nique mat „Wéi Fréier“
Neiegkeeten

E Lëtzebuerger Ouerwuerm: U.Nique mat „Wéi Fréier“

Tëscht dem ganze Stress an der Hektik vum Alldag denke

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)
Neiegkeeten

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)

Et war ee schwaarzen Dag fir de Manfred Weber (CSU),

dislike
Normal ass dat net
Neiegkeeten

Normal ass dat net

D’Lëtzebuerger Wahlkampf-Saison geet dëst Joer iergendwéi méi fréi lass. Grond ass dem

MyGuichet.lu: Rekordzuele weisen datt d’Digitaliséierung d‘Zukunft ass

MyGuichet.lu: Rekordzuele weisen datt d’Digitaliséierung d‘Zukunft ass

D’Beméiunge vun der Regierung, den administrative Guichet ze digitaliséieren, dréit Friichten. Enn August koumen déi nei Zuelen eraus, déi weisen, datt de Site MyGuichet.lu Enn Juli e Rekord vun iwwer 2,6 Millioune Transmissioune vun elektroneschen Demarchen areecht huet.

Dobäi ass déi digital Plattform vun allgemenge Bierger sou wéi den Entreprisen fir ënnerschiddlech Zwecker. Seng Demarchen och kënnen iwwert d’Applikatioun ze maachen, vereinfacht dobäi d’Liewen. Et ass net méi sou ëmständlech a spuert Zäit.

Am Verglach zum viregte Joer kann een tatsächlech eng Hausse vun 146 Prozent verzeechnen. Dobäi muss natierlech gesot ginn, datt och hei de Coronavirus seng Fanger mat am Spill huet. Schliisslech gehéieren déi digital Demarchë zu de Moossnamen am Zesummenhang mat der Gesondheetskris.

An den éischten 8 Méint sinn d’Demarchen ëm 40 Prozent geklommen. Et däerf een net vergiessen, datt dëst matzen am Lockdown war. Ma, d’Statistike géifen d’Hausse awer och ouni de Bezuch zur Pandemie bestätegen.

De Ministère fir Digitaliséierung an Technologie freet sech iwwert dësen digitale Fortschrëtt vum Land. E bestätegt d’Akzeptanz sou wéi de Besoin vun dëser Entwécklung.

Déi mobil Applikatioun MyGuichet.lu ass schonn 150.000 erofgeluede ginn, et kann e sech sécher sinn, datt d’Zuelen och hei kontinuéierlech klamme wäerten. Déi heefegst Ufroe sinn ënnert anerem de Casier Judiciaire oder Demandë fir d’Studiebäihëllef. D’Offere vu MyGuichet.lu wäerten sech mat der Zäit ëmmer méi erweideren.

Related topics Administrativ Demarchen, Digitaliséierung, Lockdown, myguichet.lu, Pandemie, Rekordzuelen, Succès
Next post Previous post