Search

You may also like

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International
International Neiegkeeten

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International

Aus dem Bericht vun Amnesty International (AI), deen haut verëffentlecht

De Jeff Henckels ass de 55ten no der éischter Qualifikatiounsronn
International Neiegkeeten

De Jeff Henckels ass de 55ten no der éischter Qualifikatiounsronn

De Lëtzebuerger Bouschéisser ass den éischte Sportler, dee bei dësen

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021
International Neiegkeeten

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021

Den Trifolion zu Iechternach invitéiert de 16. Mee op säi

Dem US-President säi mysteriéist Telefonat

Fält den Donald Trump am Wahlkampf iwwert säi Gespréich mam Wolodymyr Selenski?

Dem US-President säi mysteriéist Telefonat

Enn Juli hat den US-President Donald Trump en Telefonat mam neien ukrainesche Staatschef gefouert. Do soll hie vum Wolodymyr Selenski verlaangt hunn, géint de Presidentschaftskandidat a fréieren US-Vizepresident Joe Biden virzegoen. Ass deem esou, da wier dat Amtsmëssbrauch…

Déi éierewäert Zeitung „Wall Street Journal“ huet bericht, datt de Milliardär verschiddentlech soll versicht hunn, den ukrainesche President ënner Drock gesat ze hunn, fir Ermëttlunge géint de Bouf vum Joe Biden anzeleeden. Et heescht weider, datt e Mataarbechter vum Geheimdéngscht iwwert dëst Telefonat esou besuergt war, datt hien sech bei senger Hierarchie beschwéiert huet.

TelefonatAn enger éischter Stellungnam huet den Donald Trump erkläert, datt all seng „Gespréicher mat auslännesche Kollegen adequat verlafen“. Aus der Ukrain dann och d‘Wuertmeldung vum Wadym Prystaiko, senges Zeechen Ausseminister: „D‘Ukrain huet keen Interessi dorunner, Partei an der amerikanescher Bannepolitik ze ergräifen“. Woubäi de Wolodymyr Selenski och d‘Recht huet de Gespréichsinhalt geheim ze halen. Hie wéisst ëm wat et gaange wier, vun „Drock“ wier keng Rieds.

TelefonatDat geet den Demokraten net wäit genuch a si fuerdere méi Informatiounen. Den demokratesche Senateur vum Connecticut, Chris Murphy, huet dësen „diplomatesche Virgank“ als ongewéinlech bezeechent. Elo soll et dann och nach dës Woch am Kontext vun der UN-Vollversammlung tëscht dem Trump an dem Selenski zu engem Treffe kommen. Themen: Korruptioun, Handel an Donbass.

Keng Spillregelen am Wahlkampf

Wann elo Rieds dovunner ass, datt den US-President säin ukraineschen Amtskolleg soll ënner Drock gesat hunn, esou muss ee wëssen, datt och den Joe Biden beschëllegt gëtt, Amtsmëssbrauch bedriwwen ze hunn. Den Donald Trump werft dësem vir, 2015 säi Mandat als Vizepresident mëssbraucht ze hunn, fir sengersäits Drock op Kiew gemaach an d‘Ofsetzung vun engem Procureur gefuerdert ze hunn, deen Ermëttlunge géint eng Entreprise ageleet hat fir déi säi Bouf schafft.

TelefonatElo schéngt deem tatsächlech esou gewiescht ze sinn, mee eng Enquête huet erginn, datt déi géint d‘Entreprise aus dem Energiesecteur ageleet Ermëttlunge längst ofgeschloss waren, wéi den deemolegen US-Vizepresident vu Kiew gefuerdert huet, de genannte Procureur wéinst dem Virworf vu Korruptioun sollt „kal“ gestallt ginn. Wéi do schlussendlech entscheet gouf, ass net gewosst.

Gewosst ass awer, datt den Joe Biden e Samschdeg säi Kontrahent opgefuerdert huet d‘Kaarten op den Dësch ze leeën, an zäitno d‘Matschrëft vum Gespréich ze verëffentlechen. Den demokratesche Presidentschaftskandidat huet nach ugefouert, datt de Mann mat den „alternative Fakten“ géint all grondsätzlech Verhalensregele vun engem President verstéisst. E gudde Grond deem ganzen op de Fong ze goen. D‘Demokraten hunn dann och wëlles, de Fall am US-Kongress ze ënnersichen.

Ass et nees eng Hexejuegd?

Fir sech e bessert Bild ze maachen, deet ee gutt drun sech de Fall méi genee unzekucken. Fakt: de 25 Juli 2019 huet den Donald Trump mam Wolodymyr Selenski telefonéiert. Hei soll et zur Opfuerderung komm sinn, kompromettéierend Informatiounen iwwert den Hunter Biden ze sammelen. Laut dem Wall Street Journal soll den Trump 8 mol ëm dëse „Gefale“ gebueden hunn.

Als Géigeleeschtung soll de Milliardär en „entspriechend Verspriechen“ gemaach hunn. Wéi enger Natur dëst war, ass bis ewell nach net bekannt. Bedenklech ass, datt am selwechten Zäitraum d‘US-Regierung eng Militärhëllef an Héicht vun 250 Milliounen US-Dollar „zréckgehalen“ hunn. Geld, dat vum Wäissen Haus déi lescht Woch „liberéiert“ gouf. En Zoufall oder Kalkül? Kee weess et.

Den Donald Trump gesäit an deem ganze Virgank natierlech nees eng Hexejuegd, déi sech eenzeg géint seng esou genial wéi charismatesch Politik géif riichten. De Milliardär huet dann och a gewinnter Manéier all d‘Virwërf op Twitter zréckgewisen. Et wier „Routine“ esou Telefonater ze féieren an et géif zudeem och keng Roll spillen, ob et bei dësem Gespréich ëm de Biden goung.

An nees ass et säin Affekot (also deen neien, well deen ale sëtzt am Prisong) deen ze vill, oder net genuch gesot huet. Den Affekot, Rudy Giuliani, huet géintiwwer CNN ageraumt, datt de President d‘Ukrain „ermontert huet, de Virwërf géint den Hunter Biden nozegoen“. Dat huet den US-President dann och „bal“ bestätegt, seet awer, et wier ëm e méigleche Fall vu Korruptioun an der Ukrain gaangen.

U sech einfach…

Fir den Joe Biden, deen natierlech e groussen Interêt huet dem Milliardär den Teppech ënnert de Féiss ze entzéien, “kennt d‘Bereetschaft vum Donald Trump, seng Muecht ze mëssbrauchen an d‘Land ze damiddege, keng Grenzen“. Wann dësen sech näischt virzewerfen huet, soll hien déi Matschrëft vum Gespréich op den Dësch leeën, esou datt d‘Amerikaner selwer uerteele kënnen.

TelefonatBei den Demokraten ass een zudeem der Iwwerzeegung, datt mat dësem Virfall op en Neits e Grond virläit, en Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) anzeleeden. Zumindest wann ze beweisen ass, datt den Donald Trump „Hëllef“ géint „knaschteg Informatiounen“ ugebuede sollt hunn. Dat wier zudeem och relevant am Kontext vun der nationaler Sécherheet. Mee ganz esou einfach ass et net.

Aus der Ukrain heescht et, datt et wuel ee laangt a frëndschaftlecht Gespréich war, een sech awer formell géint d‘Verëffentlechung vum Gespréichsprotokoll stellt. Esou eng Moossnam géif géint d‘Confidentialitéit verstoussen an d‘Vertrauen an d‘USA déifgräifend beschiedegen. Et heescht weider, datt dem Hunter Biden ni perséinlech Virwërf wéinst Korruptioun gemaach goufen.

TelefonatBeim US-Geheimdéngscht huet een awer opgrond der „Alerte“ duerch e Mataarbechter entscheet an dëser „Affär“ ze ermëttelen. Ob et dobäi tatsächlech ëm d‘Ukrain geet, an iergendwann d‘Gespréich tëscht de Staatscheffe verëffentlecht gëtt, kann een net soen. Et schéngt awer eppes drun ze sinn, well de Membere vum Geheimdéngschtausschoss nach keen Abléck an den Dossier gewäert gouf.

mat indymedia/nyc/was/lax

Related topics Donald Trump, Hillary Clinton, Hunter Biden, Impeachment, Joe Biden, US-Geheimdéngscht, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post